Radioen

On air

Owesconcert  |  D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Arômes Complexes

Arômes Complexes

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den Argentinier Chancha Vía Circuito aka Pedro Canale huet elo säin neien a fënnefte Volllängt-Album "La Estrella" verëffentlecht, en Disk an Zesummenaarbecht ë. a mat Fémina.

Och de franséisch-brasilianeschen Duo LUIZGA & iZem huet eng Aktualitéit: "Yemamaya", wou en de grousse Caetano Veloso revisitéiert.

En nawell zimmlech aussergewéinlechen Album ass "Becoming Adomaa" vun der Adomaa, Musekerin, Performerin an Actrice aus dem Ghana. Hei héiere mir eng ergräifend Soul, déi mat bizaren Orchestratioune verbonne gëtt. Op dësem Album sengt si iwwer hir Zweiwel, Ängschten an deen Deel vun hirem Liewen, deen engem Zirkus gläicht.

D'Lidd "Unchained Melody" staamt aus dem Joer 1959. Den Alex North hat d'Musek geschriwwen an den Hy Zaret den Text. Eng richteg schéin Interpretatioun ass déi vum amerikanesche Gesang-Trio The Fleetwoods, dee vun den Enn 50er bis an d'80er Joren aktiv war.

De franséische Kontrabassist François Poitou weist haut nees op en Neits, datt hie keng Beréierungsängschte mat anere Genren huet. Op sengem neien Album "Arômes Complexes" begéint hien dës Kéier d'Rapperin Pumpkin, mam richtegem Numm Cécile Unia. D'Texter, déi geschriwwe goufen op Titelen, déi hien erausgesicht huet, setze sech mat Theemen ausenaner wéi d'Agespaart-sinn, der Introspektioun, soziale Rapporten an handelen och iwwer d'Lass-Loossen.

En anere Klassiker dës Kéier ass déi schéin Interpretatioun vum JJ Cale sengem "Cajun Moon", Titel, deen 1974 erauskoum, hei an den Hänn vum Jazz-Flüttist Herbie Mann zesumme mat der Sängerin Cissy Houston, erauskomm um Album "Surprises" 1976 bei Atlantic.

Eng vun de bekannte Fraen am Punk war d'Ari Up mat hirer Band The Slits. Si stoung op Musek aus Jamaika an huet an den 80er Joren ëmmer erëm mam Dub Produzent Adrian Sherwood geschafft. Kuerz virun hirem Doud huet si mat dësem zesummen un der Iddi geschafft, fir méi Diversitéit am Reggae an am Dub ze suergen. Et handelt sech ëm e Sampler, op deem ausschliisslech Fraen aus verschiddene Kulturkreesser hir Lidder selwer schreiwen an hire respektive Sproochen an och zum Deel d'Instrumenter spillen. Dëse Sampler koum elo eréischt dëst Joer, no enger laanger Virbereedungsphas, fir den 12. Doudesdag vun der Ari, eraus.

Just e puer Méint nom Album "Boleros Psicodélicos" mellt sech de Produzent a Gittarist aus dem Texas Adrian Quesada op en Neits mam Album "Jaguar Sound". 12 Titelen, instrumental Grooven, déi inspiréiert si vun de Soundtracks aus de 70er, dem Hip-Hop an der Soul. Den Disk kënnt den 18. November eraus.

Tatarstan ass eng autonom Republik a Russland, wou déi gréissten ethnesch Communautéit d'Tatare sinn. Hir traditionell Musek ass eng Mëschung ë. a aus tierkeschen, finneschen an och mongoleschen an ungareschen Aflëss. Wat dës Musek virun allem distinguéiert ass hir pentatonesch Skala, wéi mir se kenne vun de chineeseschen a vietnameesesche Museks-Traditiounen. Mir héieren d'Komponistin an d'Musekerin Karolina Cicha zesumme mam Multiinstrumentalist Bart Pałyga vum Album "Płyta Tatarska".

Playlist:

Chancha Vía Circuito & Femina - Cometa - La Estrella
LUIZGA & iZem - Alguém Cantando - Yemamaya - EP
Tim Bernardes - Beleza Eterna - Mil Coisas Invisíveis
Ian Lasserre - Mar Mirante - Sonoridade Pólvora
Adomaa - Circus - Becoming Adomaa
Melaine Dalibert - Six + Six - Shimmering
The Fleetwoods - Unchained Melody - Mr Blue
François Poitou & Pumpkin - Deux pieds dans le sable - Arômes Complexes
Herbie Mann - Cajun Moon - Surprises
Adrian Sherwood & Temi Oyedele - I Dupe (Thanks Giving) - Dub No Frontiers
Adrian Quesada - Noble Metals - Jaguar Sound
Karolina Cicha & Bart Pałyga - Tawga Bardim - Płyta Tatarska
Esbjörn Svensson - Alpha - HOME.S.
Ólafur Arnalds & Hania Rani - Woven Song - piano reworks - some kind of peace - piano reworks

Musek

Episoden

A World of Sound

Highlife aus Ghana, e Londoner, deen op Reggae steet, Lidder vun Heelungs-Zeremonien, zäitgenëssesch interpretéiert an e Museker, deen zeréck zu senger Passioun fonnt huet.
headphones

57 min

play_arrow

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow

Originell

E Retour a Brasilien vun ufanks de 70er Joren, eng originell Rapperin an inspiréiert Atmosphären
headphones

57 min

play_arrow

A certain Trip

Eng Stäreschnäiz aus England, e kosmeschen Jazz, eng Diva aus Indien a Geschichten aus engem klengen Duerf aus dem Dorset
headphones

55 min

play_arrow

A certain Trip

Eng Stäreschnäiz aus England, e kosmeschen Jazz, eng Diva aus Indien a Geschichten aus engem klengen Duerf aus dem Dorset
headphones

55 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

55 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

55 min

play_arrow

Rythm divine

D'Grondrhythme sinn änlech op der ganzer Welt trotz kulturellen Ënnerscheeder. Dës Kéier ass de Beat, de Rhythmus ganz present awer och irresistibel Melodien.
headphones

56 min

play_arrow

Initiativen

Interessant nei Disken, déi sech ukënnegen, spannend Initiativen an en hypnoteschen Jazz-Funk Maelström

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.

Evergreens an News

En hollänneschen Duo, deen op 60ies Yé Yé steet, eng faméis Grunge-Stëmm, eng Decouverte aus Brasilien an eng schéi "Mascarade"
headphones

56 min

play_arrow

Evergreens an News

En hollänneschen Duo, deen op 60ies Yé Yé steet, eng faméis Grunge-Stëmm, eng Decouverte aus Brasilien an eng schéi "Mascarade"
headphones

56 min

play_arrow

In Between Thoughts ... A New World

Liewe statt hoffen, de Moment genéissen, e Protest-Song vun haut, zwou faméis mexikanesch Gittaren an de Klang aus Westafrika vun den Enn 70er