Retromania
Glenn Gould: En Albdram fir all Tountechniker
8 min
De kanadesche Museker, ee vun de grousse Pianisten vum 20. Joerhonnert, gouf virun allem duerch seng originell an ëmstridde Johann-Sebastian-Bach-Enregistrementer bekannt. An dorënner stieche besonnesch déi zwou Opname vum Bach senge "Goldberg-Variationen" aus de Joren 1955 an 1981 eraus, déi eng weltwäit Renommee hunn. De Schrëftsteller Thomas Bernard huet d'Opnam vun 1955 eemol "Die Schallplatte der Schallplatten" genannt, a se huet sech zu engem vun de bedeitendste klasseschen Enregistrementer vun allen Zäiten entwéckelt.
De Glenn Gould koum de 25. September 1932 op d'Welt, a muer wäert wuel am beschte mat Musek u säin 90. Anniversaire erënnert ginn. Am Oktober elo ginn et och 40 Joer, datt de Gould kuerz virun sengem 50. Gebuertsdag gestuerwen ass, mee duerch seng Goldberg-Variatiounen huet hien eng éiweg Plaz an der Musekswelt fonnt.
De Jean Claude Majerus erënnert un dëse Genie op de schwaarz-wäissen Tasten.