arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Crescendo-Staccato

Crescendo-Staccato

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

En irresistibele Crescendo an och fantastesche Staccato léisst dee belsche Komponist Wim Mertens bei "Maximizing The Audience" aus dem Joer 1988 erkléngen.


Staccato Rhythmen och beim WestBam, däitschen Auteur, DJ, Museker, Label-Grënner a fréieren Organisateur vun der Mayday. Säi Pseudonym ass d'Kuerzform vu Westfalia Bambaataa, déi sech natierlech bezitt op den Afrika Bambaataa, New Yorker Kënschtler, deen d'Zulu Nation gegrënnt huet an zu deenen zielt, déi den Ufank vum Hip-Hop gepräägt hunn.


Eng vun den Decouvertë vun dëser Woch ass den Angus Fairbairn, bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Alabaster DePlume. Deen engleschen Jazz-Museker, Saxofonist, spoken word Poet, Komponist an Aktivist huet op sengem neien Album "Gol" probéiert d'Alchimie ze fanne fir Angscht a Courage a Léift ëmzewandelen.


Déi kanadesch Singer-Songwriterin Abigail Lapell huet en neien an drëtten Album, "Stolen Time", een duusse Singer-Songwriting, dee beréiert ...


Playlist:



Jack White - If I Die Tomorrow - Entering Heaven Alive

Future Islands - Like the Moon - Singles

Westbam - Kick It Like a Sensei (feat. Lil Wayne) - Götterstrasse (Deluxe Edition)

Wim Mertens - Maximizing the Audience - Best of Wim Mertens

Alabaster Deplume - Who Is a Fool - Gold

Gilles Maugenest - Les gens d'a côté - Histoires simples - Simple Stories

Abigail Lapell -Waterfall - Stolen Time

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

Michael Wookey - The Fighter That Won - My Casio Catharsis - EP

Turkish Delight - Velvele - Prophecy

Christian Zehnder Quartett - Melancholie - Schmelz

Youn Sun Nah - Momento Magico - Lento

Yvan Robilliard - Double Jeu - Homemade

Nightmares On Wax - Imagineering - Shout Out! To Freedom...


Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow