One World
Reggae, Jazz and More
60 min
De jamaikanesche Sänger Horace Andy kënnegt en neien Album "Midnight Scorchers" fir de 16. September un. 16 Titele vum Adrian Sherwood produzéiert, de Poopst vum britteschen Dub.
Eng LP, déi an all gudder Plackesammlung ze fannen ass, ass "War Ina Babylon" vum Max Romeo & The Upsetters aus dem Joer 1976, opgeholl an Zesummenaarbecht mam Lee Scratch Perry a senger Haus Band The Upsetters. Wéi dës Plack erauskoum, war déi jonk Demokratie Jamaika am Walkampf an d'Musek war d'Sproochrouer fir politesch Meenungen.
"Hawaii To Calcutta: A Tribute To Tau Moe" vum indesche Museker Debashish Bhattacharya erfuerscht déi onbekannte Geschicht vun der Gittar, wéi se vun Hawaii an Indie gelant - a wéi se vun engem Mann bekannt gemaach gouf, dem hawaiianesche Slide-Gittarist Tau Moe.
Den englesche Pianist, Singer a Songwriter Joe Tatton huet mat sengem neien Album "Big Fish" en Hommage agespillt un de legendäre Mississippi-Blues-Mann Mose Allison, eng vun den Decouverten hei.
En anere spannenden Album am Beräich vum Jazz ass dem südafrikanesche Pianist Nduduzo Makhathini seng Aktualitéit "In The Spirit Of Ntu". Hei verwieft den Artist Influenze vu grousse Leit, wéi engem John Coltrane oder Bheki Mseleku mat afrikaneschen Traditiounen.
D'Harf huet hir Plaz dës Kéier bei One World. Mir héieren d'Lavinia Meijer an der Interpretatioun vu Philip Glass an déi englesch Harfenistin Amanda Whiting vun hirer Aktualitéit "Lost in Abstraction".
Playlist:
Horace Andy - Easy Money - Midnight Rocker
Max Romeo & The Upsetters - Chase The Devil - War Ina Babylon (Expanded Edition)
Debashish Bhattacharya - Anandi on the Loose - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe
Joe Tatton Trio - Timeline - Big Fish
Shake Stew - Wake Up and Be Gone - Heat
Nduduzo Makhathini - Senze' Nina - In The Spirit Of Ntu
Amanda Whiting - Suspended - Lost in Abstraction
Lavinia Meijer - Metamorphosis: Metamorphosis Two, Flowing - Glass: Metamorphosis, The Hours
Andrew Bird - Action / Adventure - Fingerlings
Marion Rampal - Passe-Montagne
Massive Attack - Safe from Harm - Massive Attack
Massive Attack - Heat Miser - Protection
Michael Wookey - The Fighter That Won - My Casio Catharsis
Episoden
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)