One World
Afro-Futuristesch
52 min
D'Griotte Djely Tapa aus dem Mali, déi zu Montréal lieft, gouf 2020 mat hirem Debut Album Barokan mam Juno Award fir de Weltmusek-Album vum Joer ausgezeechent. Hir afro-futuristesch Kläng loossen d'Traditiounen nei opliewen.
Fir den Adrian Quesada, Co-Grënner vum psychedelesche Soul Duo Black Pumas, war d'Rou vun der Pandemie eng wëllkomme Geleeënheet déi Musek anzespillen, déi e scho länger am Kapp hat. De Quesada huet nämlech eng Virléift fir déi gëllen Zäit vum romantesche Bolero aus Latäin-Amerika vun de 60er a 70er Joren.
Den Ibrahim Maalouf ass dëst Joer op der Affiche vum faméise Weltmusek Festival zu Fès, am Maroc. Dësen ass grad amgaang a geet vum 9. bis den 12. Juni iwwer d'Bün. An dëser 26. Editioun vum Festival ass d'Thematik "L'Architecture et le Sacré"...
D'Senny Camara aus dem Senegal huet am Conservatoire vun Dakkar hir Stëmm an d'Spill op der Kora ausgebilt. En Instrument, dat bis heihinner de Männer reservéiert war ...
Playlist:
Djely Tapa - Barokan - Barokan (Deluxe Edition)
Djely Tapa - Djiwo - Barokan (Deluxe Edition)
Jeb Loy Nichols - Come See Me - ountry Hustle
Partner Look- Diamonds - By the Book
Adrian Quesada & iLe Boleros - Mentiras Con Cariño - Boleros Psicodélicos
Minino Garay - Que carajo (feat. Hernán Jacinto) - Speaking Tango (feat. Hernán Jacinto)
Ibrahim Maalouf - S3NS - S3NS
Ibrahim Maalouf & Haïdouti Orkestar La vache - L'incompris - (Bande originale du film)
A Filetta, Paolo Fresu & Daniele di Bonaventura - Un'antra isula - Danse mémoire, danse
Ariana Vafadari - Le rêve d'Anahita - Anahita
Senny Camara - Bim Bam - Boolo - EP
Playing for Change - Groove in G - Putumayo Presents African Blues
Episoden
Les métamorphoses du vide
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)