One World
Métissages
60 min
"Luna Nera" vum Perkussionist a Batteur Simone Prattico ass eng éischt Single-Auskopplung vum Album "Oriundo". D'Iwwerschrëft ass eng Referenz un all déi, déi wäit ewech vun hirer Heemescht liewen. Eng Ep, op där fënnef renomméiert Artisten invitéiert sinn, gëtt fir de 26 August ugekënnegt. De Simone Prattico huet op "Luna Nera" de Piers Faccini agelueden, a mir héieren en Duo an enger perfekter Osmose, deen eis mathëlt an eng multikulturell Transe.
Deen an Äthiopie gebuerene Keyboarder Kibrom Birhane huet elo säin drëtten Album erausbruecht: "Here and There". Hei vermëscht de Kibrom äthiopeschen Jazz mat ostafrikaneschem Funk, spirituellem Soul-Jazz, dat Ganzt mat engem psychedeleschem Touch.
Wild Horses Orchestra ass en imaginäre Grupp, deen an der laanger Zäit vum Confinement entstanen ass. Et ass dem franséische Saxofonist, Flüttist, Komponist a Produzent Etienne de la Sayette säi Wild Horses Orchestra. Wann ee scho keng Band méi huet, da kann ee sech eng erfannen ...
D'Derya Yildirim & Grup Şimşek ass e modernen Super-Quintett, deen eng elektresch an héich danzbar tierkesch Musek spillt. Anatolesche Folk gëtt hei ugeräichert mat Jazz a Funk a mat engem psychedeleschen Touch.
Wax Machine, dat ass de Projet vum Lau Ro, deen a Brasilie gebuer, an Italien an England opgewuess ass, vun do hier dës multipel Influenzen op senger Aktualitéit "Hermit's Grove". En Disk mat enger klorer Referenz un d'Tropicalia vun de 60er.
Djely Tapa kënnt aus enger aler Ligne vu Grioten aus dem Mali a vermëscht - wéi déi meescht jonk Nowuess-Talenter, hiert afrikanescht Ierwe mat aneren Influenzen.
Playlist:
Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Mama (Unplugged Version) - Nocturne
Simone Prattico - Luna Nera (& Piers Faccini) - Luna Nera - Single
Vieux Farka Touré - Be Together - Les Racines
Ariana Vafadari - Le rêve d'Anahita - Anahita
Kibrom Birhane - Abetu - Here and There
Etienne de la Sayette & Wild Horses Orchestra - Nave Nave Moe - Nave Nave Moe/Single
Hardkandy - Pure Fantasy (feat. Andy Platts) - Pure Fantasy
Derya Yildirim & Grup Şimşek - Üç Kiz Bir Ana - Üç Kiz Bir Ana - Single
Wax Machine - Guardians of Eden - Hermit's Grove
Djely Tapa - Barokan - Barokan (Deluxe Edition)
Adam Ben Ezra - Can't Stop Running - Can't Stop Running - Single
Avishai Cohen - Leolam - Aurora
Episoden
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)