One World
Breaking the Thermometer
60 min
Den Etienne Sevet a säi Projet The Bongo Hop huet fënnef nei Lidder verëffentlecht, derbäi ass d'Nidia Gongora, den angolaneschen Semba-Meeschter Paulo Flores an déi algeeresch Sängerin Souad Asla.
E weideren Track, deen zu der Playlist vum Summer passt, ass déi nei Single "Yemamaya" vum franséisch-brasilianeschen Duo Luiz Gabriel Lopes & iZem. D'Single kënnegt och en éischten Album fir d'Rentrée un. De Luiz Gabriel Lopes huet fir vill brasilianesch Artisten d'Gittar gespillt an och Musek produzéiert, notamment fir Artisten aus den indigene Communautéite vum Amazonas. Iwwer 10.000 km vun do ewech kultivéiert de Fransous iZem säi Groove mat Inspiratiounen aus allen Ecke vum Planéit.
Op Basis vum Theema vun der Kinnigin vu Saba retracéieren d'Angélique Kidjo an den Ibrahim Maalouf d'Renconter mam Kinnek Salomon, dee bekannt war fir seng Wäisheet. D'Kinnigi vu Saba wollt dës iwwerpréiwen, andeems si him siwe Rätsel ze léise ginn huet. Dës Rätsel ginn hei vun den zwee Artiste musikalesch ëmgesat.
Den amerikanesche Country-Blues Museker Charlie Musselwhite huet en neien Album "Mississippi Son". Hei héiere mir eege Kompositiounen an Interpretatioune vun aneren Artisten. En excellenten Album, hallef akustesch a spuersam instrumentéiert, deen d'Essenz vum Blues erëmgëtt an d'Déift vum Musselwhite senger Stëmm.
De Blues gëtt och revisitéiert um Album "Black Box" vum franséische Gittarist, Komponist, Arrangeur a Produzent Nicolas Repac. De Repac ass e subtille Meeschter vum Sampling an de fräien Associatiounen a léist eis a säi groussen zäitgenësseschen Metissage andauchen. "Black Box" hëlt eis mat un d'Sourcë vum Blues.
Och den Damien Jurado presentéiert säi neien Album "Reggae Film Star". Den amerikanesche Singer-Songwriter vu Seattle léist bei dësem neien an 18. Disk duuss, akustesch a villschichteg Texturen erkléngen.
"Breaking the Thermometer" ass deen neien an onëmgänglechen Album vun der Leyla McCalla. Hir Eltere waren Aktivisten, déi virum Duvalier-Regimem op New-York geflücht sinn. Zanter ville Joren fuerscht d'Leyla no hirem kulturellen, haitianeschen Ierwen. 2019 ass d'Duke University u si erugetruede mat engem Projet. D'Uni hat den Toun-Archiv vu Radio Haiti iwwerholl, dës Radios-Statioun, déi als éischt, onofhängege Medium an de Jore vun der Diktatur iwwer d'Situatioun am Land beriicht huet. Wichteg ass, datt de Radio op kreolesch gesent huet, der Sprooch vum Vollek! D'Uni wollt d'Jore vun der Diktatur an der uschléissender Revolutioun, d'Roll vu Radio Haiti an hire Grënner Jean Dominique an Michèle Montas, an engem multidisziplinäre Büne-Projet opschaffen. Dorausser huet sech "Breaking the Thermometer to Hide the Fever" entwéckelt. Den Album "Breaking the Thermometer" vun der Leyla McCalla ass en zweet Resultat vun dëser Initiativ. Fir den Theater-Projet hat si de Radio-Archiv duerchwullt an hat vill Material fir domadder Lidder zesummenzestellen. "Breaking the Thermometer" vun der Leyla McCalla, en Disk, wou et generell ëm Ënnerdréckung, ëm Demokratie an Exil, awer och ëm Léift geet, Léift, déi et schlussendlech méiglech mécht all Schwieregkeeten ze iwwerstoen.
Op "Hymne Au Soleil" presentéiert de Multiinstrumentalist a Komponist Laurent Bardainne zesumme mat senger Band Tigre d'Eau Douce e smoothen Jazz mat Aflëss aus Soul, Funk, Worldbeat a rare Groove.
Playlist:
The Bongo Hop - La Napa (feat. Nidia Góngora) - La Napa
Luiz Gabriel Lopes & iZem - Yemamaya - Yemamaya - Single
Ibrahim Maalouf & Angelique Kidjo - Ife - Queen of Sheba
Charlie Musselwhite - Pea Vine Blues - Mississippi Son
Nicolas Repac - Redemption Blues (I Know His Blood Can Make Me Whole) - Black Box
Nicolas Repac - La fuerza del sentimiento - Black Box
Kraked Unit - Lucky Charm (Album Mix) [feat. Piers Faccini] - Ce qui nous lie (Bande originale du film)
Damien Jurado - Meeting Eddie Smith - Reggae Film Star
Marissa Nadler - Drive - July
Leyla McCalla - Fort Dimanche - Breaking the Thermometer
Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Combly Family- Hymne au soleil
Sly & The Family Stone - If You Want Me to Stay - Fresh
Sly & The Family Stone - In Time - Fresh
Episoden
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)