One World
Amanecer
56 min
Zu Éiere vum Africa Day, deen all Joer de 25. Mee gefeiert gëtt, an deen un d'Grënnung vun der Organisation of African Unity (OAU) erënnert, huet de Label Real World Records sechs legendär afrikanesch Artisten aus sengem Katalog reeditéiert. Dorënner de Sooliman Ernest Rogers, deen an den 20er Joren op d'Welt koum ...
Dem franséisch-argentinesche Grupp Cuarteto Tafi hir Aktualitéit heescht "Amanecer", deen ë. a an der Zesummenaarbecht mat der Sängerin Leïla Martial entstanen ass. "Amanecer" ass en engagéierten Disk fir d'Mënscherechter vun Artisten, déi och beréiert si vun der Poesie, der Schéinheet am Allgemengen a vum Austausch mat aneren Artisten.
Bei The Smile héiere mir e Sound an eng Stëmm, déi mir kennen, et ass e Säite-Projet vum Thom Yorke an Johnny Greenwood vun The Radiohead zesumme mam Batteur Tom Skinner vun The Sons Of Kemet. Den Thom Yorke denoncéiert mat sengen Texter d'Hypokrisie vun der politescher Klass, déi d'Mënschen diviséiere wëllt, a mir ginn invitéiert zesummenzehalen an ze resistéieren.
D'Kate Tempest heescht elo Kae Tempest. D'Englännerin huet en neien Album "The Line Is A Curve", wou si iwwer Verletzlechkeet an Selbstentbléissung erzielt.
D'Angélique Kidjo huet no siwe Joer och en neien Album: "Mother Nature". Déi bekannten afrikanesch Artistin aus dem Benin beschäftegt sech hei mat der Natur, de Klima-Froen awer och mat aneren Theeme wéi Rassen-Ongerechtegkeet a Polizei-Gewalt. Hir Musek ass onbeschwéiert positiv bis lëschteg mat dës Kéier komplexen Inhalter.
Endlech kann och erëm de Womad Festival am Charlton Park iwwer d'Bün goen, dëst Joer vum 28.-31. Juli. Ënner villen aneren interessanten Artisten ass d'Kae Tempest derbäi, an zu den Têtes d'Affiches zielt den Nitin Sawhney. Hei fannt Dir déi ganz Programmatioun, et ass derwäert!
Episoden
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)