Radioen

On air

Kultur um 5  |  Sonic Youth - Incinerate

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Soul

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Zu London gebuer vu jamaikaneschen Elteren a laang Joren an Australien gelieft: d'Shirley Davis ass haut d'Lead Vokalistin bei de Silverbacks.

Dem brittesche Kollektiv Sault seng Besetzung ass weiderhin onbekannt. Hir Musek verbënnt verschidde Stiler, dorënner zäitgenësseschen R&B, House an Disco.

Als DE Phenomeen aus Neuseeland ginn L.A.B beschriwwen, a fënnef Joer hu si fënnef Disken erausbruecht, eng Decouverte à suivre ...

De J. P. Bimeni ass en 41 Joer jonken Newcomer, dee mat senger Soul weess, vu wat hie sengt, well hien am Biergerkrich am Burundi méi wéi eemol knapps mam Liewen dervukoum.

Coup de coeur-Decouverte: Dräi Joer laang war den Zürecher Fai Baba an engem indesche Klouschter. Zeréckkoum hien als rouege Mënsch an als virwëlzege Museker. Op sengem neien Album sengt hie fir d'éischt a senger Mammesprooch, op Schwyzerdütsch.

De Produzent Schvédranne vu Lyon huet mat den Texter vum mythesche Poet Jack Hirschman vu San Francisco de Konzept Album "Vanity Vanity All Is Vanity" agespillt. Den Jack Hirschman war en amerikanesche Poet a sozialen Aktivist.

"Rejoice" ass de gemeinsamen Album vum nigerianeschen Drummer Tony Allen zesumme mam südafrikaneschen Trompettist Hugh Masekela, iwwerschriwwen. Dës zwee weltbekannt Artiste sinn entretemps verstuerwen, "Rejoice" koum via World Circuit am Mäerz 2020 op de Maart, an déi original Sessions stamen aus dem Joer 2010, wou déi zwou Legende sech zu London iwwer de Wee gelaf sinn.

Och aus Süd-Afrika, grad wéi den Hugh Masekela, kommen BCUC, ee bis zu siwekäppege Kollektiv vu Soweto, deem seng Musek dacks als "afro-psychedelic future Pop" beschriwwe gëtt ...

Am kreative Prozess fräi a senge Choixen ze sinn, dat ass dem Oan Kim wichteg. De franséisch-koreaneschen Artist dréckt sech mol mat senger dokumentarescher Fotografie aus an evoluéiert parallel zu dëser och als Museker, Auteur a Komponist. (Coup de Coeur!)

De brittesche Fusiounstrio vu Manchester GoGo Penguin gëtt als d'Radiohead vum Jazz bezeechent. Zweemol ware si am Atelier programméiert, Concerten, déi ëmmer erëm verluecht goufen an elo fir den 19. Oktober dëst Joer ugekënnegt ginn.

Musek

Episoden

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.