arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Decouverten

Decouverten

D'MBK Band, e Grupp vu jonke Museker mat Talent, déi den traditionelle mam zäitgenësseschen Ausdrock mateneen verbannen. Den Album "Banconi", dee säin Numm vun engem Quartier vu Bamako hierhuet, ass e villverspriechenden Debut vum Mamadou Bassekou Kouyate, Fils vum Maestro Bassekou Kouyate.


Den ungaresche Komponist Béla Bartók gëtt revisitéiert vu sengem Landsmann, dem Gittarist Csaba Palotai zesumme mam englesch-katalanesche Perkussionist Steve Argüelles um Album "Cabane Perchée". En interessanten Disk mat mikrokosmeschen Etudë vum Bartók.


Laang hu mir näischt méi héiere vum Wiener Museksproduzenten-Duo dZihan & Kamien, deen Downbeat, Nu Jazz an änlech Museksstiler matenee verbonnen huet. D'Stäerkt vum neien Album "IV" si sécherlech déi vill Facetten, déi en ofdeckt, an dat an engem eleganten Toun.


Times Box ass eng spannend Renconter, déi d'Kulturen an d'Generatioune mateneen verbënnt. D'Kollaboratioun tëschent dräi Museker, déi e ganz ënnerschiddleche Background hunn.


Soul-Gospel-Pop - Sixties Flair a Spiritualitéit. "Mercy" iwwerschriwwen ass deen éischte Solo Album vun der Natalie Bergman, déi op hirem Debut en tragescht Ongléck verschafft.


De Pianist Marc Sarrazy ass op en Neits zesumme mam Saxofonist Laurent Rochelle fir deen neien Album "Cyclotimic Songs", wou si Lidder revisitéieren, déi si akustesch scho mol agespillt haten. Hei ginn dës an hir Eenzeldeeler zerluecht ... d'Resultat ass erstaunlech.


Karma ass en asiatescht, spirituellt Konzept, dat verdäitlecht, datt all Aktioun zwangsleefeg physesch a spirituell Konsequenze mat sech bréngt. "Karma" ass och d'Iwwerschrëft vu Black String hirem 2019 Album. De südkoreanesche Quartett jongléiert mat Elementer aus den ënnerschiddleche Stiler a léisst och der Improvisatioun eng Plaz. Eng modern global Musek, ouni Grenzen, awer mat staarke Wuerzelen.


Playlist:



MBK BAND - Sina Mory - Banconi

MBK BAND - Ben-Kadi - Banconi

Csaba Palotai - La Cabane - Cabane Perchée

dZihan & Kamien - We Are (feat. Sanya Budna) - IV

Noah Vanden Abeele - Secret - Universe

Times box - Swingba - Times box

Chrissie Hynde - You're a Big Girl Now - Standing in the Doorway: Chrissie Hynde Sings Bob Dylan

Still Corners - The Last Exit - The Last Exit

Natalie Bergman - Shine Your Light on Me - Mercy

Alberta Hunter - Nobody Knows You When You're Down and Out - Amtrak

Marc Sarrazy & Laurent Rochelle - Moving in Circles - Cyclotimic Songs

Black String - Song of the Sea (feat. Nguyên Lê) - Karma

Black String - Sureña - Karma



Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!