Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Hayes - (They Long to Be) Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Paradise lost

Paradise lost

Den Anthony Joseph, Museker, Poet a Schrëftsteller huet karibesch an englesch Originnen, hie gëtt och mol beschriwwen als de Leader vun der schwaarzer Avant-Garde an England. "The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives", ass d'Iwwerschrëft vu sengem neien Album, wou et ëm déi karibesch Diaspora geet an den Disk mécht en Hommage un d'Poete virun him.


De facettëräiche franséischen Jazzmann Julien Daïan a säi Quintett léisst op sengem drëtten Album "CUT UP" de Serge Gainsbourg zu Wuert kommen.


Influenzen aus anere Stiler ze integréieren an z. B. de Metissage vun der franséischer Chanson, deen huet de Bernard Lavilliers mat Häerz a mat Séil verteidegt.


De belschen instrumental Power Trio Under The Reefs Orchestra suggeréiert Ënnergang a Verloscht, mee déi poetesch Iddi hanner dem Numm bréngt och nei Welten zum Virschäin, wéi z. B. e Spadséiergang um Grond vum Mieresbuedem.


Den Elsässer Rodolphe Burger léisst d'Abstraktioun mat System a seng Lidder erafléissen, an all neien Album ass en Evenement. "Environs" mat engem Tracklisting, dee méi ënnerschiddlech bal net ka sinn.


Bedouine, dat ass d'Azniv Korkejian mam richtege Numm. Si koum a Syrien op d'Welt, huet misse flüchten, an no ville Statioune lieft si haut zu LA. Als Bedouine erzielt si op hirem Album "Bird Songs Of A Killjoy" mat duusse Folk Lidder vun hirem Schicksal-Theema, der Verdreiwung.


Eng vun den Decouverten dës Woch ass d'Formatioun Hurricane Turtle an hiren Debut "Umbrellas". All Member vun dëser Grupp huet e professionelle Parcours vun 20 Joer a zolidd Referenzen an der Jazz/Blues- a Soul-Zeen.


Playlist:



Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - A Chance to Give - To Know Without Knowing

Anthony Joseph - Calling England Home - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives

Julien Daïan Quintet - Trop c'est Trop - CUT UP

Niño de Elche - Sí, a Miguel Hernández - Al Verla Muerta

Bernard Lavilliers - Sertão - O gringo

Under The Reefs Orchestra - Hana - Under the Reefs Orchestra

Under The Reefs Orchestra - Le marcheur - Under the Reefs Orchestra

Bedouine - Dizzy - Bird Songs of a Killjoy

Rodolphe Burger - Gute Nacht - Environs

Hurricane Turtle - G-Spot - Umbrellas

Moonlight Benjamin - Tan malouk - Siltane

Manouchka - Haiti - Haiti


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow