Radioen

On air

Concert  |  Seele gespillte Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Downtempo

S16, d'Bezeechnung vum Schwiefel als Iwwerschrëft fir dem franséischen Artist Woodkid säin Album, deen an déi däischter Sphäre vun der Existenz andaucht.

Vill Artisten engagéiere sech fir dem Klimawandel entgéint ze wierken, esou z. B. d'Jesse 'Paris' Smith-Duechter vun der Patti Smith - an d'Rebecca Foon, déi de Pathway to Paris 2015 an d'Liewe geruff hunn, parallel also zum Klimaofkommes dat selwecht Joer zu Paräis. Iwwer de Wee vu Concerten, Debaten an aner Initiativen ass et drëms gaangen, wéi d'Accorde vu Paräis konkret ëmgesat kënne ginn.

De Steve Shehan huet 2018 de Coffret "VIS" mat dräi Diske verëffentlecht: "Visa Mundi", "Incarnations" an "Stella Novae". E carrement fantastesche Coffret, deen net nëmmen de villsäitege musikaleschen Univers vum Artist erëmgëtt, mee mir entdecken de Steve och als Moler.

Hei bei One World och Lidder iwwer d'Léift an den Exil an d'Geschicht vun engem Mann, deen enges Moies erwächt a säi/seng Partner/in war verschwonne mat just enger Notiz "sorry, leaving earth" ...

Playlist:


Woodkid - Shift - S16
Patti Smith, Jesse Paris Smith & Rebecca Foon - Nature - Pathway to Paris: Live @ Le Trianon
Caroline Shaw - So Percussion, Gilbert Kalish & Dawn Upshaw - Narrow Sea: Pt. 2
Xuefei Yang & Sha Yuan - Everlasting Longing (Arr. Sha Yuan) - Sketches of China
Steve Shehan - Cum Dederit Shehan - Visa Mundi
Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - A Trace of Grace (Arr. M. Godard) - Risplendenti, riversi
Khruangbin - Transmission for Jehn: Gnossienne No 1 (Exclusive Spoken Word)Tierney Malone & Geoffrey Muller - Late Night Tales: Khruangbin
Dino Brandāo, Faber & Sophie Hunger - Derfi di hebe - Ich liebe Dich
Elina Duni, Rob Luft, Fred Thomas & Matthieu Michel - Bella Ci Dormi - Lost Ships
Matthieu Saglio - Cherubino - Resonance
Bert Jansch - When the Sun Comes Up - The Black Swan
Bert Jansch - Katie Cruel - The Black Swan

Musek

Episoden

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow