Radioen

On air

9 bis 1  |  Amy Winehouse, Mark Ronson - Valerie

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Memories

Éier dem Johnny Cash säi bekannte live Album "At Folsom Prison" 1968 erauskoum, hat hien en Optrëtt zu San Francisco an enger Salle, déi vu Membere vun Jefferson Airplane an The Grateful Dead bedriwwe gouf. Deen Optrëtt gouf opgeholl vun den Dead hirem Soundmann Owsley, genannt "Bear" Stanley. An dës Opnam gouf elo offiziell verëffentlecht: "At the Carousel Ballroom, April 24, 1968".


En aneren ale Bekannte léisst vu sech héieren, den David Crosby, Grënner vun de Byrds an Crosby, Stills and Nash. "Rodriguez for a Night" ass en neit Lidd, dat an Zesummenaarbecht mam Donald Fagen vun Steely Dan geschriwwe gouf. "Rodriguez for a Night" kënnegt den neien Album "For Free" un, dee fir den 23. Juli erwaart gëtt.


De Paräisser Ensembel Same Player Shoot Again hat 2018 en Hommage un de Freddie King enregistréiert a verëffentlecht. Haut ass den Albert King drun. De Bluesmann aus dem Mississippi ass bekannt fir säin elektresche Blues. Dem Albert King säi "Playing On Me", hei also revisitéiert vun de Fransouse Same Player Shoot Again.


Den togolesesche Gittarist a Sänger Peter Solo huet zesumme mat senger Band Vaudou Game den neien Album "Noussin" verëffentlecht. Dësen ass staark vum aktuellen ekonomeschen a soziale Kontext beaflosst.


Och um Programm Ethio-Jazz Fusioune vu Mulatu Astatke & Black Jesus Experience a vum äthiopesche Keyboarder Hailu Mergia, deen endlech eng zweet Jugend erliewen dierf mat der Re-Editioun vu senge Wierker. Hie gëtt Concerte weltwäit an huet den Album "Yene Mircha" d'lescht Joer verëffentlecht.


Peter von Poehl, dee schweedesche Singer-Songwriter, Komponist an Dirigent presentéiert säi fënneften Album "Memories from Saint-Forget". Saint-Forget gëtt et tatsächlech. Et ass en Duerf an der Vallée de Chevreuse, ... e flott Wuertspill an e schéine Folk Album!


Eng Decouverte dës Woch ass de Rogér Fakhr aus dem Libanon, mat sengem Debut-Album "Fine Anyway", en Disk, dee Mëtt 70er zu Beirut matzen am Biergerkrich an zu Paräis enregistréiert gouf.


Playlist:



Yo La Tengo - Wasn't Born to Follow - Sleepless Night - EP

Johnny Cash - I'm Going to Memphis (Bear's Sonic Journals: Live At The Carousel Ballroom, April 24 1968)

The Black Keys - Crawling Kingsnake - Delta Kream

David Crosby - Rodriguez For A Night - For Free

Our King Albert - Playing on Me - Same Player Shoot Again

Tim Ayre - Miami Drive - Modern Life - EP

Vaudou Game - Yome - NOUSSIN

Vaudou Game - Mon Canapé - NOUSSIN

Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing

Peter von Poehl - Little Star - Memories from Saint-Forget

Rogér Fakhr - Sad Sad Songs - Fine Anyway (Habibi Funk 016)

Sault - Alcohol - Nine

Sault - Wildfires - Untitled (Black Is)


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow