arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Carl Carlton - She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)

Carl Carlton - She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)

Mir lauschteren dem Carl Carlton säi Lidd "She's A Bad Mama Jama", dat 1981 erauskoum. De Carl Carlton ass en amerikaneschen R'n'B, Soul an Funk Sänger. Hie kënnt ganz bescheiden aus dem Gospel - bis hien Enn 60er op Lando Records ënnerschreift. Hien ass duerno vun Detroit op Houston geplënnert, fir um Back Beat Label vum Don Robbie ze signen. Back Beat gouf kuerz duerno vun ABC Recors opkaaft, wou de Carlton säin éischte groussen Succès hat, an zwar eng Reprise vun den Tempatations: "Everlasting Love".


Säi beschten Album koum och ëm dës Period eraus, an zwar "As I Wanna Be With You" vun 1976. Hien krut herno Sträit mat sengem Label ABC Records a konnt eng Zäit net méi weider ophuelen. Dofir huet hien ugefaange Fitness ze maachen. Wéi hien erëm lues konnt ufänke mat schaffen, huet hien den Album "Carl Carlton" zesummegestallt, op deem dat bekannte Lidd drop ass. Et heescht eigentlech mam vollen Numm "She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)". Um Cover vun dësem Album posed de Carl voller Energie an Oben ohne mat sengem neien duerchtrainéierte Kierper. Hie krut duerch säin Hit och eng Apparitioun an der Fernseesendung "Soultrain" a konnt spéider souguer mam Rick James op Tournée goen! Eigentlech sinn d'Rick James Aflëss op dësem Lidd ganz däitlech erauszehéieren. Et bleift säi gréissten Hit bis haut. George Duke war säi Keyboard Player, a si kruten zesumme souguer 1982 eng Grammy Nomination fir dëst Lidd kritt.


De Carlton gouf relativ dacks am Hip-Hop gesampelt, dat bekanntste Beispill ass vläicht "Big Bad Mama" vu Foxy Brown Featuring Dru Hill. D'Lidd war um Soundtrack vum Film "How To Be A Player" ze fannen, eng Komedie, déi 1997 op Def Comedy Jam erauskoum. De Soundtrack selwer koum op Def Jam eraus a war produzéiert vun Trackmasters. Et ass interessant ze wëssen, datt d'Foxy Brown hiren Numm aus engem Blaxploitation Film geklaut huet. Si ass zu Brooklyn gebuer a wéi si dësen Track opgeholl huet, knapps 18 Joer al. Si ass e Member vun der Grupp The Firm, zesumme mam Nas, AZ a Cormega an ass nach ëmmer aktiv am Hip-Hop. Si war zum Beispill um Lidd "Full Circle" vum leschten Album vun Nas ze fannen. Dru Hill dogéint waren eng R'n'B Grupp vun den Enn 90er bis Ufank 2000. Zu dëser Zäit war Sisqo hire Leader a si waren um Label Def Soul Jam.


En anert Beispill vun engem gelongene Remix ass d'Grupp Black & Jay mat hirem Lidd "Feds". Et ass Featuring Lucks Knuckes a Corleone a koum 1998 um Label Sharp Records eraus. Et ass Dirty South vum Feinsten, et kënnt nämlech aus Nashville Tenessee. De Cover ass vu Pen & Pixel gemoolt an den Album heescht "Affiliated for Life".


Nach en anert Beispill wier d'Lidd "She's Bad". Et ass vun der Rapperin Sh'Killa Featuring Young Prod, um Album "Gansters From The Bay" ze fannen. Et koum 1996 eraus a staamt aus San Francisco.


De Carl Carlton huet et souguer bis a Brasilien gepackt, dank den Mc's vun der Grupp Doktor Mc's an hirem Lidd "Sexta Feira". D'Lidd kënnt aus Sao Paulo.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow