arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Shapes of the Fall

Shapes of the Fall

Musikalesch, e cross-kulturelle Dialog, inhaltlech geet et beim Piers Faccini sengem neien Album Shapes of the Fall, em déi onzieleg bedroten Aarten déi ausstierwen, läit et un de Mënschen hiren Doten oder hire Versäumnesser? Déi zyklesch, folkeg Fro an Äntwert-Formen an de Lidder riichten sech un den Nolauschterer a stellen d'Fro wat mer nach mam Rescht vun eisem Liewen ufänken a wat mat der Welt u sech. D'Thema kennt ëmmer erëm, ännert seng musikalesch Form, d'Froe bleiwen ouni Äntwert, rhetoresch.


De Farees, hien huet touareg an italienesch Originnen an huet et nach ëmmer verstane seng Racinnen aus der Sahara a seng Léift zum Blues mateneen ze verbannen, an seng Bewonnerung fir den Jimi Hendrix. Border Patrol ass en engagéierten Konzept Album mat protest songs, spoken world, blues, rock a rap fir d'Fräiheet, d'Gerechtegkeet an d'Mënscherechter, a géint de Rassismus, d'Xenophobie a géint Alles wat déi fräi Entwécklung vun de Mënsche verhënnert.


Aus Irland kennt de Glen Hansard, Sänger, Gitarrist a Schauspiller. Säi 4ten Album This Wild Willing huet en zu Paräis opgeholl, en Disque deen am Fong net geplangt war. Zoufälleg huet en d'Khoshravesh-Bridder kenne geléiert déi am Iran klassesch an traditionell Musek studéiert hunn. Eng Woch waren se zesummen am Studio an d'Resultat ass subtil.....


Piers Faccini & Abdelkebir Merchane - All Aboard (feat. Ben Harper) - Shapes of the Fall


Piers Faccini - Foghorn Calling - Shapes of the Fall


Piers Faccini - Together Forever Everywhere - Shapes of the Fall


Piers Faccini - Firefly - Shapes of the Fall


Piers Faccini - Levante - Shapes of the Fall


Farees - Split Second - Border Patrol


Samba Touré - Fondo - Binga


Glen Hansard - The Closing Door - This Wild Willing


The Be Good Tanyas - Waiting Around to Die - Chinatown


The Brian Jonestown Massacre - Anemone - Their Satanic Majesties' Second Request


Alfa Mist - Attune - Bring Backs


Alfa Mist - Mind the Gap (feat. Lex Amor) - Bring Backs


Alfa Mist - People (feat. Kaya Thomas-Dyke) - Bring Backs

Episoden

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow