arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Shapes of the Fall (Piers Faccini)

Shapes of the Fall (Piers Faccini)

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

60 min

2018 ass den Trio Nes wéi aus dem Näischt opgetaucht an huet mam Album "Ahlam" direkt op sech opmierksam gemaach mat sengen Influenzen aus dem Mëttelmierraum, vun Nordafrika bis Südeuropa. D'Lescht Joer koum den Nofollger eraus, schlicht "Nesrine" iwwerschriwen ... eng vun de flotten Decouverten!


En Englänner an eng Amerikanerin, déi sech zoufälleg zu London iwwer de Wee gelaf sinn. Aus dëser Renconter koum d'Formatioun Still Corners ervir. Haut si si bei hirem fënneften Album "The Last Exit" ukomm.


Et sinn elo bal zwee Joerzéngten, datt de Piers Faccini eis ëmmer erëm faszinéiert mat senger Fusioun tëschent der Rock-Pop mat der traditioneller an der barock Musek. Elo mat sengem néngten Album "Shapes Of The Fall" hale mer nees eng Kéier e Bijou an der Hand!


The Breath, dat ass de Gittarist Stuart McCallum an d'Sängerin Ríoghnach Connolly, hirem Album "Only Stories", sinn zum groussen Deel d'Lidder vun hirem zweeten Album "Let The Cards Fall", awer akustesch opgeholl am Dezember 2018 an de Real World Studioen. D'Essenz vun deenen zwee hirem Talent ass ëmwerfend.


Zwee Instrumenter aus den 30er Jore stinn am Dialog beim schweedesche Singer-Songwriter a Multi-Instrumentalist Fredrik Kinbom an der Collaboratioun mam Pianist a Komponist Hans-Jörn Brandenburg. Et ass den Dialog tëschent enger (Vega) Lap Steel Gittar an engem Piano. D'Gittar ass en 39er Joergang an de Bechstein Piano och aus den 30er. "Madame Vega", esou ass hiren neien Album iwwerschriwwen, ass d'Filmmusek zum Jean Boué sengem Documentaire "Die Unerhörten".


Playlist:



Nesrine - Elle - Nesrine

Nesrine - Vitamine C

Still Corners - It's Voodoo - The Last Exit

Piers Faccini - Dunya - Shapes of the Fall

Piers Faccini - They Will Gather No Seed - Shapes of the Fall

Piers Faccini - Together Forever Everywhere - Shapes of the Fall

The Breath - Hide Out - Only Stories

The Breath - Boat Song - Only Stories

The Breath - Only Stories - Only Stories

Sidsel Endresen/Bugge Wesseltoft - Survival Techniques 3 - Out Here. In There

Kinbom/Brandenburg - Madame Vega's Cuban Dream

Kinbom - Walzing with Whales

Kinbom/Brandenburg - Madame Vega in Buenos Aires

Pascal Comelade & Cobla Sant Jordi - Sardana dels Desemparats (version 7) - Le cut-up populaire

Shalosh - David Bowie Contemplating Art And Death - Broken Balance


Episoden

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow