arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ In The Flow

In The Flow

"In the Flow" ass deen drëtten Album vu Mister Ott, Grupp déi geleet gëtt vum Globetrotter Saxophonist Matthew Ottignon, dee sech ëmginn huet vun zum Deel de beschten Instrumentalisten, déi Sydney ze bidden huet. Den Album "In The Flow" verbënnt Dub an nigerianeschen Afro-beat Funk, Hip-Hop, Elementer aus dem Ethio-Jazz mat Referenzen un de Sound vun den irresistibelen Blaxploitation Soundtracks.


Influenzen aus Äthiopien och bei där zu Toronto baséierter Singer Songwriterin Ayo Leilani, besser bekannt ënner hirem Kënschtlernumm Witch Prophet. Mir héieren nach e weidere Virgeschmaach aus hirem neien Album "DNA Activation", e subtille Mix vun der Stëmm mat Loops, Raps an Harmonien op Hip-Hop, Jazz a Soul-influenzéierte Beats.


Den Jazzmeeschter Archie Shepp zesumme mam Pianist Jason Moran vun hirem neie gemeinsamen Album "Let My People Go", en Disk, dee Spirituals mat Jazz-Klassiker verbënnt.


De Mathias Berchadsky aka El Mati huet elo mat "Manifiesta" en neien Opus publizéiert, un deem hien zéng Joer laang geschafft huet. Den Album ass geniert vu sengen Erfarungen, Reesen a Studien. De Flamenco bleift am Zentrum vum Mati senger Aarbecht.


Ee vun den interessantsten Disken am Stapel vun den Nei-Verëffentlechungen ass dem Stéphane Edouard säi "Pondicergy Airlines". Ursprénglech aus Südindien awer a Frankräich an eng Museker-Famill eragebuer, dem Stéphane Edouard säi Batterie-Spill ass eklektesch an hien ass begleet vun enger Grupp mat iwwer 20 Museker aus verschiddene Kulturen.


Debashish Bhattacharya, zu Samoa gebuer an op Hawaii grouss ginn, e klassesche Museker, Sänger, Komponist deen - heescht et - déi éischt Slide Gittar Syllabus ageféiert huet a Stiler zesummebréngt, wéi et bis ewell nach kee gemaach huet.


Nach e weideren Extrait vum neien Album "Messias" vum Flamänner Jaouad. Dësen Debut-Album ass an der Zesummenaarbecht mat der Multi-Instrumentalistin Aiko Devriendt entstanen. Hire Stil kombinéiert spontan an associativ Impulsiounen am Beräich vu Soul, Pop R&B a Gospel.


En Här, deem ee roueg op der Spuer bleiwe kann, ass de bulgaresche Gittarist Ateshkhan Yuseinov, dee viru Kuerzem säi Solo-Album "Strange Suite" verëffentlecht huet. En Disk, op deem mir och den excellente Beat Boxer SkilleR entdecke kënnen.


Playlist:



Mister Ott - Steam - In the Flow

Witch Prophet - Musa - DNA Activation

Archie Shepp & Jason Moran - Sometimes I Feel Like a Motherless Child - Let My People Go

El Mati - Raices (feat. Kanchana Rajesh) - Manifiesta

Stéphane Edouard - Mother's Love (Amma) - Pondicergy Airlines

Debashish Bhattacharya - Anandi on the Loose - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe

Jimbo Mathus & Andrew Bird - Three White Horses and a Golden Chain - These 13

Jaouad - Father - Messias

Ateshkhan Yuseinov- My Spirit - Ateshkhan Yuseinov: Strange Suite

Wax Tailor - Just a Candle (feat. Mark Lanegan) - The Shadow of Their Suns

Tindersticks - You'll Have to Scream Louder - Distractions


Episoden

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow