arrow_back_ios

One World

Polyphonesche Gesang, zwou eenzegaarteg Stëmmen zesumme fir eng hypnotesch Polyphonie, begleet vun engem ale Säiteninstrument, dem Psalterium oder tambourin à cordes. Cocanha nenne si sech, vun hirem leschten Album "Puput". Eng aner Decouverte vun dëser Woch ass déi brasilianesch Cellistin Dominique Pinto. Si huet mat der Jane Birkin, Jeanne Moreau an Etienne Daho gespillt. Fir hir eege Placken nennt si sech Dom La Nena.


Danças Ocultas, eng aner spannend Formatioun aus Portugal, grad wéi Dead Combo: Véier Museker an hire Concertina oder diatoneschen Akkordeon, déi 1989 zesummefonnt hu fir eng ganz eege Musek ze entwéckelen.


Eng aner schéi Stëmm an nach ganz onbekannt ass déi vum jonke Folksänger Théo Charaf. E Klang, wéi aus dem wäite Mississippi Delta, dobäi kënnt hie vu Lyon an ass eréischt viru Kuerzem an der Zeen opgetaucht.


Korrupt Polizisten, déi eng si Gudder, déi aner skrupellos kriminell. "Die Toten von Marnow", eng Tëlee-Serie, déi viru Kuerzem ausgestraalt gouf, mat ganz onkonventionellen Ermëttler an enger BO, konzipéiert vum Martin Tingvall ...


The Silhouettes Project, eng nei Plattform fir Hip-Hop, Soul an Jazz Artiste vu London. Et ass keng Plackefirma oder e Management Team, mee e Community Projet.


Eng faméis Stëmm um Schluss vun eiser Emissioun ass d'Natalia M King, déi un e Billie Holliday oder Nina Simone erënnert.


Playlist:



Cocanha - Cotelon - Puput

Dom La Nena & Julieta Venegas - Quien Podrá Saberlo - Tempo

Marina Satti - Κούπες - Κούπες/Single

Dead Combo & Marcia Voz - Visões Ficções - e Guitarra 2

Dead Combo - Lisboa Mulata (feat. Tó Trips & Pedro Goncalves) Danças Ocultas - Azáfama - Dentro Desse Mar

Danças Ocultas - Dança d'Alba (feat. Rodrigo Leao) - Amplitude Christian Kjellvander - Redemption (feat. Jessica Ottosson) BO

Nick Cave & Warren Ellis - Hand of God - CARNAGE

Ane Brun - Worship (feat. José González) - It All Starts with One (Deluxe Version)

Théo Charaf - Vampire - Théo Charaf

The Silhouettes Project, Natty Wylah & jkarri - Eucalyptus

Natalia M. King - Baby Brand New - Bluezzin T'il Dawn


Episoden

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow