arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Luther Ingram - To The Other Man

Luther Ingram - To The Other Man

De Luther Ingram huet 1972 d'Lidd "To The Other Man" erausbruecht. Dat war en Deel vu sengem éischten Album "I've Been Here All the Time". Den Ingram ass 1944 am Tenessee gebuer an hat wärend senger Kandheet an de 50er a 60er eng Gospel Grupp mat senger Geschwëster zesummen. Kuerz drop huet hien du probéiert seng Solokarriär ze starten. Säin Héichpunkt war d'Virgrupp vum Ike Turner ze ginn. Méi spéit ass hien op New York geplënnert, d'Legend seet, hien hätt eng WG mam Jimmy Hendrix gehat. Hien huet beim Stax Label ënnerschriwwen a säi Songwriting staark verbessert an doduerch och e puer Nummer 1 Hitte gelant, ënner anerem "(If Loving You Is Wrong) I Don't Want To Be Right".


2006 huet den J Dilla dëst Lidd erëm ausgegruewene fir säin "One For Ghost" doraus ze maachen. Dëse Beat war present op sengem Album "Donuts". Dee ganzen Album gouf jo quasi am Spidol op sengem Stierfbett produzéiert. Hien huet dëst Lidd gemaach, andeems hien un de Rapper Ghostface Killah geduecht huet. Et ass eigentlech just en einfachen Loop mat enger Sireen driwwer. Den Album war ufanks just als eng Beattape geduecht, mee e gouf schlussendlech ee vun de wichtegste Meilesteen am Hip-Hop. Merci un de Peanut Butter Wolf fir e beim Label Stonesthrow erausbruecht ze hunn. Den J Dilla ass leider e puer Deeg no der Sortie vum Album gestuerwen.


De Ghostface Killah huet de Beat héieren, huet déi Hommage un hie staark appreciéiert an natierlech e Lidd doraus gemaach. Dat war present op sengem fënneften Album "Fishscale". D'Lidd heescht "Whip Me With A Strap". Den Album koum 2006 beim Label Def Jam eraus. Fishscale heescht esou vill wéi opgeschnidden Kokain. Et muss ee sech virstellen, de Ghostface Killah war deemools Enn 30, hat am Hip-Hop quasi alles erreecht a wëllt mat dësem Album e "retour aux sources" maachen. Dat heescht, hie sicht sech wierklech déi rauste Beats vun Mf Doom an, an dësem Fall, J Dilla eraus an erzielt op eng ganz dekomplexéiert Aart an Weis, wéi hien als Kand vu senger Mam geschloe gouf. De Ghost ass als Rapper esou staark, datt hie souguer nostalgesch Gefiller ervirrifft vu senger Famill geschloen ze ginn. Hie mécht dat duerch e perfekte Storytelling an eng intelligent Wuertwiel. Dat kann eenzeg an eleng de Ghostface Killah!

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow