One World
Mixed Tape
D'Amerikaner vu Weezer, déi jo bekannt si fir hir spatz Zong, hunn en neien Album, deen "Ok Human" iwwerschriwwen ass. Amplaz elektresch Gittaren zerwéiere Weezer dës Kéier e Pop Album mat Straicher.
"Let My People Go" esou heescht den Jazz-Album vum Archie Shepp & Jason Moran. Et handelt sech hei ëm Opnamen, déi 2017 am Kader vun hirem Concert an der Philharmonie zu Paräis entstane sinn.
De südafrikanesche Kollektiv Spaza ass eng Band ouni permanent Besetzung. Mat "all line-up" gëtt en aneren an eenzegaartegen Ausdrock improviséiert agespillt. Déi lescht Opnam ass den Album "Uprize!", deen am Oktober 2020 verëffentlecht gouf, et ass och d'BO vun engem Documentaire mam selwechte Numm, déi d'Onrouen zu Soweto am Joer 1976 musikalesch ënnermolen.
Och de Soul ass haut vertruede mam Schott Paolo Nutini, deen den Charlie Chaplin zitéiert an de Michael Kiwanuka, deen iwwer de Rock an den Jazz zum Soul fonnt huet an an dësem Ausdrock opbléit.
Playlist:
Weezer- Playing My Piano - OK Human
Django Django - Waking Up (feat. Charlotte Gainsbourg) - Glowing in the Dark
Yello - Big Boy's Blues- Point
TaxiWars - Infinity Cove - Artificial Horizon
Jason Moran & Archie Shepp - He Cares - Let My People Go
SPAZA - Solomon, Tsietsi & Khotso (feat. Nonku Phiri, Malcolm Jiyane, Gontse Makhene & Ariel Zamonsky) - UPRIZE!
Badge Époque Ensemble - Unity (It's Up To You) [feat. James Baley]Paolo Nutini - Iron Sky - Caustic Love
Michael Kiwanuka - Cold Little Heart - Love & Hate
Khalid Khudayri - Corniche, Pt. 1 (feat. Walid Itayim & Mario Rahi) - Invisible Reality