arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Arthur Verocai - Na Boca do Sol

Arthur Verocai - Na Boca do Sol

Den Arthur Verocai ass 1945 zu Rio de Janeiro gebuer. Hien ass e brasilianeschen Jazz Komponist, Sänger a Produzent. Säin éischten Album koum 1972 eraus. Wärend dem Ophuele vun dësem Album huet hien anscheinend massiv vill amerikanesche Funk a Rock gelauschtert, wéi zum Beispill Frank Zappa oder David Axelrod. Dat Ganzt mëscht hie mat senge brasilianeschen Aflëss, an erauskoum dat heiten: eng verdreemten a feierlech Klangkreatioun. Leider hat den Album bei senger Sortie guer kee Succès a war a Brasilien en nationale Flopp. En huet 30 Joer laang an der Poubelle verbruecht. De Verocai seet vu sengem Album, e wier säi "sleeping giant" gewiescht. Den Verocai huet sech souguer professionell missten an d'Pub rekonvertéieren. Dat heescht, hien huet e gudden Deel vu sengem Liewen domadder verbruecht, Jingele fir Reklammen ze schreiwen.


Bis zum Joer 2000, wéi verschidde Beatmaker den Album zu neiem Liewen erwächt hunn. Madlib, MF Doom, Little Brother oder nach vill anerer hunn Deeler vu sengem Album gesampelt. Den Album huet doduerch direkt u Wäert gewonnen an d'original Pressung gouf bis zu 2.000 € op Internet verkaf!


En éischt Beispill vun der Utilisatioun vum Sample ass vum MF Doom, oder besser gesot vum Metal Fingers. Säi Lidd heescht "Orris Root Powder" a war ze fannen op der Kompilatioun "Special Herbs Volume 9". Den Mf Doom huet anscheinend d'Plack zesumme mam Madlib wärend enger Vakanz a Brasilie fonnt. Engem Interview mam Verocai bei der Redbull Music Academy no huet den Doom de Sample awer illegal benotzt a krut liicht Problemer dowéinst.


De Ludacris huet och e Lidd domadder gemaach, an zwar "Do The Right Thing feat. Common & Spike Lee". Dat war ze fannen um Soundtrack vum Spike Lee sengem Film. D'Produktioun ass vum mageschen 9th Wonder. Hie mëscht den Tempo hei just e bësse méi séier. De Verocai gëtt am selwechte Redbull Interview zou, souguer richteg Fan vun dësem Lidd gewiescht ze sinn.


Dem DJ Spinna seng Grupp Polyrhythm Addicts huet de Sample och benotzt, an zwar um Lidd "Zonin' Out". Dat war ze fannen um Album "Break Glass" vun 2007. D'Rapperin heescht Apani B Fly MC an dem DJ Spinna seng downtempo House Aflëss sinn hei däitlech um Beat ze erkennen.


Er méi zäitgenësseschen Track bidden d'Grupp Keys N Krates. Dat sinn dräi Beatmaker aus der Stad Toronto a Kanada. Si produzéieren eng modern Festival Hymn mat hirem Lidd "Inicio". Dat war ze fannen um Album "Cura" vun 2018.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow