arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Diana Ross - Love Hangover

Diana Ross - Love Hangover

1976 ass dëst Lidd hei erauskomm : "Love Hangover" vum Diana Ross. Hat ass een vun deenen erfollegräichsten Artisten iwwerhaapt an hat schon méi wei 70 Lidder an den Charts, dovun 12 Nummer 1. Hits an den USA, notamment dat heiten Lidd. Hat kennt aus der golden Era vum Label Motown an war en Member vun der Grupp "Supremes" an 60 Joren. Fir dëst Lidd opzehuelen huet hat anscheinend drop bestanen en Stroboskop am Opnahmestudio ze hunn fir richteg an den Disko Feeling eranzekommen. D'Lidd fänkt mat engem verféiereschen luesen Tempo un an hält an enger epescher Disko Hymne op. Di onbesuergt Approche vum Ross huet zum Succès vum Lidd bäigedroen. D'Diano Ross trëtt hei offensichtlech fir d'Ermächtegung vun den Fraen an. Et sinn etlech Remixen an Reinterpretatiounen vun dësem Lidd erauskomm, d'Lidd ass och um Soundtrack vum Film "Paris is Burnung". D'Diana Ross haat suguer en Optrëtt bei an der Muppets-Show mat dësem Lidd, mee mir schwätzen haut iwwert en aneren Genre, an zwar den Gangsta-Rap vun Bone Thugs-n-Harmony.


Si hunn dem Ross säin Lidd gesampelt fir "Ready 4 War" doraus ze maachen. Dat war op hirem 3. Album "The Art Of War". Bone Thugs-n-Harmony kommen aus Cleveland an haten massiv vill Hits Ufank vun den 90. Joren. Hieren ganzen Album ass produzéiert vum DJ Uneek. Et war en kommerziell erfollegräichen duebelen Album, deen awer definitiv ze laang war. Hieren rasanten Erfolleg huet zu internen Konflikter gefouert, sou dass si sech kuerz Zäit duerno getrennt hunn. Den Sujet vun hirem Lidd huet lo net sou vill mam Original ze dinn, net sou wei dat nächst Beispill.


Mir schätzen elo vum Lidd "The Other Level" vun der Grupp Ghetto Boys. Den Rapper Bushwick Bill dréint hei definitiv den Message vum Diana Ross em an schreift en ganz Fraen feindlechen Text. Dat huet dann och dozou gefouert dass hien genau sou wei den Rapper Ice-T oder d'Grupp 2 Live Crew vun sengem Label zenséiert ginn ass. Dat war natierlech eng enorm Pub fir hien. D'Geto Boys sinn deelweis verantwortlech fir d'Grënnung vum Gansta Rap an dem Horrorcore Genre. Si schwätzen gréissten Deels iwwert Gewalt, mentalen Breakdown oder Selbstmordgedanken. Dat war op hirem 2. Album "We Can't Be Stopped" vun 1991 ze fannen.


Dat nächst Beispill ass och definitiv keen Libeslidd, an zwar "Gansta Bitch" vum Rapper Master P. Feat. Steady Mobb'n & Mo B. Dick. Dat war ze fannen op sengem Album "MP The Last Don" vun 1998. Hien huet dat natierlech op sengem eegenen Label No Limits Records erausbruecht. Den Masta P ass nämlech dofir bekannt en ganzen Underground Imperium opgebaut ze hunn ouni jeemools bei enger Major ënnerschriwwen ze hunn. Hien ass mat onendlech vill Artisten op sengem Label zu engem Multimillionär ginn. Hien ass definitiv en Business Model fir villen vun sengen Nofollger ginn.


Lo awer ganz um Enn nach eng Kënschtlerin déi dem Diana Ross säin feministeschen Message trei iwwerhëlt. Et geet hei em d'Monica mat "The First Night". Dat war en Lidd vun sengem 2. Album "The Boy is Mine" deen 1998 erauskomm ass. D'Produktioun ass vun Jermaine Dupri an dat ganzt ass op Soso Def erauskomm.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow