One World
African & Country Music
The Cavemen maachen Highlife aus dem Nigeria vun haut, e Genre, dee seng Wuerzelen an der Vergaangenheet huet an opkoum am Kader vum Kreesch no Onofhängegkeet an de 50er Joren. Héich interessant ass och The Alostmen, eng traditionell akustesch Grupp, e Quintett mat Membere vu verschiddenen ethnesche Gruppéierungen aus dem Ghana.
Blick Bassy, de Kameruner mat der duusser Falsett-Stëmm huet mat "1958" e politescht Wierk verëffentlecht. Et ass d'Joer, an deem de Fräiheetskämpfer Ruben Um Nyobé vun de franséische Kolonialhären gejot an ëmbruecht gouf. De Bassy verschafft net nëmmen d'Geschicht vun de Kameruner hirem Befreiungskampf, mee weist och op d'Wäerter hin, déi duerch dësen eruewert goufen.
Country Musek ass am zweeten Deel vu One World derbäi, aus Australien an Amerika.