arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Jean-Jacques Perrey - E.V.A.

Jean-Jacques Perrey - E.V.A.

Dëst Lidd heescht E.V.A. a gouf vum Jean-Jacques Perrey komponéiert. Et koum 1970 um Album "Mood Indigo" op Vanguard Records eraus. De Fransous Perrey war e Pionéier an elektronescher Musek. Säi Genre kann een als Easy Listening oder Space Age Pop bezeechnen. Säi perséinlecht Zil war et elektronesch Musek ze populariséieren. Ouni musikalesch Formatioun huet hie sech einfach fir d'Virleefer vum Synthesizer passionéiert. Dorops hi gouf hien an Amerika ageluede fir de Synthesizer Ondioline virzestellen. Hien ass carrement do wunne bliwwen a gouf wärend de 60er Joren zimmlech bekannt. Wärend dëser Zäit huet hie vill mam Moog ronderëm experimentéiert. Hien huet eng ganz Serie vu populären a witzege Placken opgeholl, zum Beispill fir Reklammen, Cartoons an esouguer fir Disney. An de 70er Jore kënnt hien zeréck a Frankräich a beschäftegt sech virun allem mat therapeutescher Musek. Hie bleift weiderhin ëmmer aktiv, wärend den 90er hëlt hien esouguer eng Kollaboratioun mat der Grupp Air op. Hien ass ganz wichteg, well hien d'Grenzen tëschent der Musique Concrete an der Pop gesprengt huet.


1990 explodéiere Gang Starr mat deem heiten Titel "Just To Get A Rep". Et ass déi éischt Maxi vun hirem zweeten Album "Step In The Arena". No hirem Debut "No More Mr. Nice Guy" fanne si mat dësem Album richteg hir Spuer. Hei sinn och déi éischt Produktioune vun DJ Premier ze héieren, déi hie ganz eleng gemaach huet. Wärenddeem setzt de Guru hei d'Fondatioune fir den New School East Coast Hip-Hop. Et ass einfach déi perfekt Mëschung aus Hardcore Rap a räifen Observatiounen aus de Stroosse vun New-York. Dësen Album huet si op jiddefall zu Stare vum Underground propulséiert.


Elo si mer bei House Of Pain ukomm an hirem Remix vum Lidd "Fed Up" featuring Guru. Dat war op hirem drëtten Album, deen 1996 op Tommy Boy erauskoum. D'Produktioun ass vun DJ Lethal an de Rap natierlech vun Everlast an Danny Boy. Hiren Hit "Jump Around" ass scho laang hanner hinnen (1992) a fir dësen drëtten a leschten Album kréie si leider net dee gewënschte Succès.


Dat doten ass de Pusha T mat "Lunch Money". Et ass eng Maxi vun 2014. Et koum um G.O.O.D Label eraus. De Pusha poséiert hei op en trippéierten an atmosphäresche Beat vu Kanye West. Den Ex-Mc vun The Clipse ass technesch perfekt op sengem Diss-Track. Et ass einfach nëmmen e Bommen-Titel tëschent sengen zwee Albumen.


Et gi warscheinlech nach ganz vill aner Versioune vun dësem Sample, mee elo kënnt, menger Meenung no, eng vun deenen erstaunlechsten no. An zwar um Soundtrack vum Film "Ocean 8" spillt de brittesche Komponist Daniel Pemberton eng Reinterpretatioun vum Jean-Jacques Perrey sengem "E.V.A.", an dat op sengem Lidd "Moog Necklace".

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow