1972 huet den Eddie Kendricks dat heite Lidd erausbruecht: "My People ... Hold On" vum Album "People ... Hold On". Dat war säin zweeten Album. Hien ass an Alabama gebuer, mee gouf eréischt zu Detroit bekannt, an zwar wéinst dem Label Motown Records. Hie war fréier Member vun der Grupp Temptations, mee huet duerno just nach mat de Young Senators gespillt. Säi Stil kann een aus Conscious Soul Musek bezeechnen. Hien huet hei e ganz militanten Album erausbruecht, dat gesäit een och direkt um Cover: hie setzt hei mat engem Speer op engem Troun - dat ass eng Allusioun op eng bekannt Foto vun engem vun de Leadere vun de Black Panthers.
Den J Dilla huet dat Lidd gesampelt fir säin Track "People". Dat war ze fannen op sengem Album "Donuts", deen 2006 erauskoum. Dat ass dann och säin néngten an leschten Album ginn, den Dilla ass nämlech leider mat 32 Joer un enger Infektioun gestuerwen. Hien iwwerhëlt hei de politeschen Message vum Kendricks. De Beat ass opgebaut op engem portabele Sampler, den SP303 vun der Mark Boss. D'ganzt Lidd ass komponéiert am Spidol selwer, quasi op sengem Stierfbett. De ganzen Album ass en instrumentale Projet. Et ass éischter eng Beattape, an net wierklech en Album. Um ganze Projet ginn et plëtzlech Changementer, abrupt Iwwergäng, et ass zimmlech experimentell. All Lidd dauert ëm eng Minutt. Dat alles kennt Dir och ganz detailléiert am Buch "Donuts" vum Jordan Ferguson noliesen.
Et geet weider mat engem Lëtzebuergesche Projet, an zwar mam Willy Sun a seng Demo Tape aus dem Joer 2000, dei "Des Beats Et Demo" geheescht huet. Dat hei war dat drëtt Lidd dovunner. Hien iwwerhëlt och dee selwechte Sample, mee sechs Joer virun J Dilla.
2008 huet Erykah Badu och e Projet mat deem Sample erausbruecht. D'Lidd heescht "My People" an den Album "New Amerykah Part One". De Beatmaker heescht Madlib. Et war hire véierten Album, dee si op Motown erausbruecht huet. Anscheinend huet si déi meescht Lidder op Garageband mat hirem Laptop selwer opgeholl.
Elo geet et e bësse méi experimentell weider mam kanadesche Producer Caribou. Hie benotzt just d'Perkussioun vum Sample fir e Lidd vu sengem Album "Marino" domat ze maachen. Dee koum 2005 eraus an de Genre kann een aus Folktronica bezeechnen.