arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Foster Sylvers - Misdemeanor

Foster Sylvers - Misdemeanor

Dat wat mir grad lauschteren ass den eelef-järege Foster Sylvers, dee "Misdemeanor" sengt. Dat Lidd war op sengem éischten Album "Foster Sylvers", 1973 erauskomm. Et ass geschriwwen vu sengem groussen Brudder a produzéiert vum Jerry Peters. Wei gesot, et war déi éischt Maxi vu sengem éischten Album a säi gréissten Hit ever. Seng Stëmm klengt iwwerdriwwe funky a räif fir säin Alter. Hie war deemools locker op engem selwechte Level mam Michael Jackson. Dat dote war de Summerhit vun 1973 a seng Apparitioun bei Soul Train war bemierkenswäert. Soul Train war eng amerikanesch Soul an Funk Fernsee Show. Hie war do zesumme mat senge Schwësteren opgetrueden, Pat an Angie, déi d'backing Vocals gesongen hunn. 1975 war hien dann al genuch an der Familljenentreprise bäizetrieden. "The Sylvers" huet d'Grupp geheescht a se war scho mat all de Bridder a Schwëstere relativ etabléiert, bëssen esou wei d'Jackson 5. Si hu bis an d'80s Hits zesumme geschriwwen, dunn huet den Foster nees eng Solokarriär ageschloen an huet zum Beispill fir Leit wéi Janet Jackson Lidder geschriwwen. Hien ass awer ni méi esou bekannt gi wéi deemools mat eelef Joer.


1989 huet den Dr. Dre hien gesampelt fir d'Lidd "It's Funky Enough" vum Rapper D.O.C. vum Album "No One Can Do It Bether". Dat gouf och dem D.O.C. säi gréissten Hit ever a gouf och dacks selwer gesampelt, ënner anerem vu geschmacklose Gruppe wéi zum Beispill 2 Unlimited. Den D.O.C. ass am Fong e Rapper aus Texas. Hien huet seng Ufäng gemaach mat der Grupp Fila Fresh Crew. Just herno hat hien e bëssen eppes mat N.W.A. ze dinn, hien hat zum Beispill véier Tracks op hirer Kompilatioun "N.W.A. & The Possee". Duerno huet hien Deat Row Records zesumme mat Dr. Dre an Sugh Knight gegrënnt. Zanter hien en Autoaccident hat, huet hie sech e bëssen zeréckgezunn.


En anere Producer, deen de Foster Sylvers gesampelt huet, ass de Puff Daddy. Hien huet d'Lidd "That's Gangsta" fir de Rapper Shyne am Joer 2000 um Label Bad Boy erausbruecht.


Mee meng Lieblings-Versioun bleift warscheinlech eppes, dat 2020 erauskoum, an zwar d'Lidd "Out Of Sight" vun der Grupp Run The Jewels. Si hu warscheinlech den Album vum Joer geschaaft mat hiren RTJ4. D'Lidd ass e kloren Hommage un den D.O.C., si benotzen hei déi selwecht Perkussioun a Flow Elementer. De ganzen Album ass eendeiteg Protest-Musek a war och de Soundtrack fir vill Black Lives Matter Demoen. All Featuring ass perfekt erausgesicht, wéi hei zum Beispill den 2Chainz, e Rapper a Promi aus Amerika. Hien gouf notamment bekannt duerch seng Schauspill-Karriär an der Viceland-Show "Most Expensivest".

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow