arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ You'll Have to Scream Louder

You'll Have to Scream Louder

Patti Smith, Rocksängerin, Kënschtlerin an Aktivistin kritt de Beethovenpräis 2020. Déi mat 10.000 Euro dotéiert Auszeechnung éiert hire liewenslaangen Asaz fir Mënscherechter, Fridden, Fräiheet, Aarmutsbekämpfung, Inclusioun a Klimaschutz.


Pathway to Paris bréngt Museker, Artisten, Aktivisten, Akademiker an nach anerer zesummen fir d'Bewosstsinn ze stäerken a Saache Klimaschutz an och un d'Urgence ze erënneren, datt mer handele mussen an d'Ofkommes vu Paräis endlech konkret ëmsetze mussen. D'Evenement gouf gemeinsam gegrënnt vun de Musekerinnen an Aktivistinne Jesse Paris Smith, d'Duechter vun der Patti Smith an der Rebecca Foon. Haut a sechs Joer drop geet den Engagement vu Pathway to Paris weider an dat mat engem virtuelle Festival bei Geleeënheet vun der Journée Mondiale de l'environnement, de leschten 5. Juni.


"Jo, ech weess du bass net frou, mee du muss méi haart jäizen, well kee lauschtert der no, ech hu kee Respekt fir dës Leit um Pouvoir, si treffen hir Decisiounen aus hirem Elfebeentuerm, an ech fillen den Haass, e wiisst bannendran, an du kanns net fortlafen, dech net verstoppen, Du muss méi haart jäizen, wann däi Gewëssen dech net afänkt, da wäert et eppes anescht sinn ..." Dëst ass en Extrait aus dem Text vum Titel "You'll Have to Scream Louder", e Lidd, dat déi englesch Tindersticks haut gecovered hu vun der englescher post-punk Band Television Personalities. Hire Songwriter den Daniel Treacy gëllt fir déi, déi e schätzen, als e Mastermind mat enger ganz eegener surrealistescher Fieder.


Weider Decouvertë sinn d'Léift op Schwitzerdütsch mat Faber, Sophie Hunger an Dino Brandao a Sigur Rós hiren "Odin's Raven Magic" (with Steindór Andersen, Hilmar Örn Hilmarsson and María Huld Markan Sigfúsdóttir) ...


Playlist:



Patti Smith - Gloria - Horses

Patti Smith, Jesse Paris Smith & Rebecca Foon - Nature (Live at Le Trianon) - Pathway to Paris

Jo Scheuer - This Is Our Time (Live at Le Trianon) - Pathway to Paris

Flea & Warren Ellis - Two Suits (Live at Le Trianon) - Pathway to Paris

Mia Doi Todd - Music Life (feat. Jeff Parker & Money Mark) - Music Life

Tindersticks - You'll Have to Scream Louder - You'll Have to Scream Louder - Single

Dino Brandāo, Faber & Sophie Hunger - Euse Rosegarte - Ich liebe Dich

Dino Brandāo, Faber & Sophie Hunger - Derfi di hebe - Ich liebe Dich

Caroline Shaw - Narrow Sea: Pt. 2 (So Percussion, Gilbert Kalish & Dawn Upshaw ) Narrow Sea - EP

Fredrik Kinbom & Sonja Kessner - Maria durch ein Dornwald ging

Sigur Rós - Stendur æva - Odin's Raven Magic (with Steindór Andersen, Hilmar Örn Hilmarsson and María Huld Markan Sigfúsdóttir)


Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!