One World
Lost Ships
Lidder iwwer d'Léift an iwwer den Exil vun der schwäizeresch-albanescher Sängerin Elina Duni zesumme mam englesche Gittarist Rob Luft. Den Album "Lost Ships" ass eng vun den neien ECM Publikatiounen.
Eng aner schéin Stëmm aus der Schwäiz ass déi vun der Sängerin Lucia Cadotsch, déi mat hirem Trio Speak Low elo den zweete Volume erausbruecht huet. "Speak Low II" mat nieft der Lucia Cadotsch den Otis Sandsjö um Tenor Saxophon, mam Petter Eldh um Bass, a mat de Gaaschtmuseker Kit Downes op der Hammond Uergel an der Lucy Railton um Cello. D'Hammond huet nach d'Éier bei weideren Titelen, Klassiker déi hiren onverwiesselbare waarme Klang zum Ausdrock brénge wéi z. B. bei Procol Harum hirem "A Whiter Shade of Pale".
Den amerikanesche Gittarist Dave Roback huet seng Empreinte am Indi Rock hannerlooss, hie selwer ass awer ëmmer ausserhalb vum Spotlight bliwwen. Mat 61 Joer ass hien dëst Joer gestuerwen. Säi Wierk lieft weider mat ë. a. "Rain Parade", "Mazzy Star" oder senge ville wäertvolle Collaboratiounen.
Playlist:
Elina Duni, Rob Luft, Fred Thomas & Matthieu Michel - Kur Më Del Në Derë - Lost Ships
Elina Duni, Rob Luft, Fred Thomas & Matthieu Michel - Bella Ci Dormi - Lost Ships
Badge Époque Ensemble - Just Space for Light (feat. Jennifer Castle) - Self Help
Lucia Cadotsch - Black Is the Color of My True Love's Hair (feat. Otis Sandsjö, Petter Eldh, Kit Downes & Lucy Railton) - Speak Low II
Nina Simone & Jaffa - Black Is the Color of My True Love's Hair (Jaffa Remix) - Verve Remixed
Booker T. & The M.G.'s - Green Onions
Procol Harum - A Whiter Shade of Pale
Lou Doillon - Look at Me Now - Look at Me Now - Single
Mdou Moctar - Chismiten - Chismiten - Single
Greta Morgan - When the Sun Comes Up
Mazzy Star - Fade Into You - So Tonight That I Might See
Bert Jansch - When the Sun Comes Up - The Black Swan