Mir hunn d'lescht Woch vu Parliament geschwat, dat heescht dës Woch kommen mer net dolaanscht Funkadelic ze erwänen. Si hunn 1979 dëst Lidd erausbruecht "(Not Just) Knee Deep", woubäi deen éischten Deel 15 Minutten an 21 Sekonnen dauert. Dat war um Album "Uncle Jam Wants You" ze fannen. D'Produktioun ass vum George Clinton aka Dr. Funkenstein, wéi hien sech gären an de Credits nennt. Den Typ huet plus ou moins Funk erfonnt, nierft esou Leit wei James Brown natierlech. Seng Aflëss vun Frank Zappa oder Jimmy Hendrix maachen, datt säin Funk e bësse méi rockeg ass. Hien ass zanter de 60er Joren aktiv an de Grënner vum P-Funk Kollektiv, dat sinn Funkadelic a Parliament zesummen.
1989 huet d'Grupp De La Soul de Sample iwwerholl an domadder "Me Myself And I" gemaach. Den Trio huet de Sample zimmlech trei iwwerholl an hat grousse Succès domadder. Dat war um Album "3 Feet High And Rising" um Label Tommy Boy Records ze fannen.
1993 huet den Dr. Dre säin "Dre Day" doraus gemaach, dat war featuring Snoop Dogg, RBX an Jewell op der Hook. Dat war um Album "The Chronic", deen op Death Row Records erauskoum. Hien huet de Sample net 1:1 iwwerholl, hien huet en op 95BPM staark erofgepitcht a mat anere Samplen an der Kompositioun vermëscht. D'Lidd war iwwregens en Diss-Track géint den Eazy E.
An do koum de Snoop Dogg mat "Who Am I (What's My Name)?". Nach eng Kéier vum Dr. Dre produzéiert. Déi Kéier huet hien de Sample mat Atomic Dog vum George Clinton vermëscht an huet d'Bassline dovun iwwerholl. Dat war um éischten Album vun Snoop Dogg "Doggystyle" vun 1993. Ech ka mech souguer un de Video erënneren, wou den Snoop Dogg sech um Enn an e Rottweiler verwandelt!
An zu gudder Lescht nach "Rockabye Baby". Dat ass e Producer, dee verwandelt Tracks a Baby-Lidder. Dat heescht, hei ass dann och den "Who Am I (What's My Name)?" vu Snoop Dogg fir Kanner!