Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Parliament - Flashlight

Parliament - Flashlight

Et kann ee keng Sendung iwwer Sample maachen, ouni iwwer Parliament ze schwätzen.1978 hu si d'Lidd "Flashlight" erausbruecht. Dat gouf geschriwwe vum George Clinton, Bernie Worell a Bootsy Collins zesummen, woubäi den George Clinton Sänger a Bandleader ass. Hien ass 1941 am North Carolina an den USA gebuer an ass ëmmer nach aktiv. Hien ass offiziell Sänger, Songwriter, Produzent a Bandleader an och Grënner vun der P-Funk Mothership. Dat ass esou eppes wéi eng grouss Famill mat de Gruppe Parliament a Funkadelic zesummen.


Si si bekannt fir hir Mëschung aus Funk, Science Fiction, Moud, psychedelesch Aflëss a surrealisteschen Humor. "Flashlight" war deen éischte Groussen Hit vum P-Funk Kollektiv, woubäi Parliament ëmmer méi kommerziell orientéiert war a Funkadelic méi rockeg. D'Inspiratioun fir dëst Lidd war anscheinend eng onendlech laang Jam, déi den George Clinton mat senge Museker organiséiert huet. Wann d'Grupp dëst Lidd live performed huet, waren dacks méi wei zéng Museker op der Bün, all verkleet, a si hunn dat Lidd méi wéi 40 Minutten an d'Längt gezunn, mat onendlech laange Soloen, woubäi dat Wichtegst ëmmer déi Bassline vum Moog bliwwen ass.


Dëst Lidd gouf Dosende vu Kéieren am Hip-Hop gesampelt, dat éischt Beispill ass de Snoop Dogg. Hie sampelt just e klenge Vocal Deel fir en Jingle fir seng imaginär Radiostatioun op sengem éischten Album "Doggystyle" ze maachen.


En anert Beispill wier de Redman. Hie benotzt d'Bass an d'Perkussioun vum Lidd "Flashlight" fir säi Lidd "So Ruff" doraus ze maachen. Dat war op sengem éischten Album "Whut? Thee Album". Eng aner Grupp, déi de Sample benotzt huet, ass Digital Underground. Hiert Lidd heescht "Danger Zone" anwar op hirem éischten Album "Sex Packets".


Mee ee vun menge Liblingslidder bleift natierlech dat vum Ice Cube. "Man's Best Friend" war op sengem zweeten Album "Death Certificate", deen 1991 op Lench Mob Records erauskoum. Hie beschreift hei, datt dem Mënsch säi beschten Kolleeg net den Hond, mee den Revolver ass.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow