One World
Invisible Reality
Musek aus dem Libanon vum Khalid Khudayri an dem Album "Invisible Reality" aus dem Joer 2014. Grad esou invisible sinn de Gros vun den Artisten, déi hei matwierken. De Munir Khauli schéngt deen eenzegen ze sinn, dee sech international en Numm maache konnt, sécherlech duerch säin Openthalt an Amerika. Et ass hien, deen dësen Album produzéiert an arrangéiert huet. De Khauli ass en 59er Joergang, mat der Gittar op d'Welt komm, seet hien a senger Biographie. Komplex Jazz accorder hätt hien a jonke Jore scho beherrscht, allerdéngs nach net al genuch fir vun engem Conservatoire ugeholl ze ginn. Eng interessant Biographie, déi mer noliese kennen um Munir Khauli sengem Site, a wou hien eis mathëlt an de Libanon vun de 60er a 70er an a säin ganz perséinleche Flower Power.
Brieg Guerveno, de franséische Museker erfënnt sech nei: op senger Aktualitéit "Vel ma Vin". Fir säi véierten Album huet hien de Metal géint de Folk agetosch, en Artist aus der 2020 Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes. D'Trans sinn och ofgesot, de Festival proposéiert eis awer véier Soiréeën, déi gefilmt a live iwwerdroe gi vum 2. bis de 5. Dezember am Trabando zu Paräis an am Ubu vu Rennes. Eng gutt Geleeënheet 12 Gruppen ze entdecken an Artisten vun dëser 2020 Programmatioun. Derbäi ass och de Brieg Guerveno, de 5. Dezember. All d'Informatiounen sinn ze fannen um Site lestrans.com
Playlist:
Khalid Khudayri - Dad Max (feat. Tom Hornig & Munir Khauli) - Invisible Reality
Khalid Khudayri - Lamento (feat. Serene Ghandour, Tom Hornig & Munir Khauli) - Invisible Reality
Khalid Khudayri - Corniche, Pt. 1 (feat. Walid Itayim & Mario Rahi) - Invisible Reality
Brieg Guerveno - Litoriennig - Vel Ma Vin
Brieg Guerveno - 'Vel Pa Vefemp - Vel Ma Vin
Matthieu Saglio - Cherubino - Resonance
Trio Da Kali & Kronos Quartet - Tita - Ladilikan
Vieux Farka Touré - Maya (feat. Idan Raichel) - Samba
Blick Bassy - Aké - Akö
Blick Bassy - Lon - Akö
Sarah McCoy - Devil's Prospects - Blood Siren
Sarah McCoy - The Death of a Blackbird - Blood Siren
Ibrahim Maalouf - S3NS - S3NS