Wann dir den Intro vun dësem Lidd erkannt hutt, sidd dir warscheinlech net eleng. Et geet nämlech em di décksten Maxi vum Rapper Future. Si heescht Mask Off an ass 2017 eraus komm. Den Future rappt hei iwwert Héischen an Déiften vu sengem Liewen an wéi Drogen hien gerett hunn. De Beat dréint op 75 BPM an ass vu Metro Boomin produzéiert. Et ass erstaunlech dass den Museker hei eng Sample-based Produktioun mécht, par Rapport vun sengen üblechen Beats déi hien um Programm Fruity Loops ganz aspillt. Wollt hien sech e bëssen Kredibilitéit bei engem mi breeden Publikum doduerch uneegnen? Keen weess et.
Den original Sample kennt vun 1976 an gouf geschriwwen vum Tommy Buttler. L'Lidd heescht Prison Song an kennt vum Soundtrack vun engem Musical deen Selma heescht. D'Stéck ass éischter Funk, Soul an Gospel orientéiert an erzielt d'Liewen vum Martin Luther King an säin Kampf fir d'Biergerrechter an Amerika.
Mee den Metro Boomin huet näischt erfonnt! 1996 huet Torch den Sample schon benotzt fir en Lidd fir Tony L ze produzéieren, dat Uriel und Raphael geheescht huet. Dat Lidd war um Album Der Pate. En anert Beispill ass d'Grupp Felt. Dat sinn den Rapper Atmosphere an Murs zesummen. Si hunn den Sample 2005 um Lidd Woman tonight benotzt. De Sample war souguer bis an Polen bekannt. Hei ass den Rapper KęKę mam Lidd Jeden Kraj. Dat ass 2013 erauskomm. Mee meng liblings Utilisatioun ass vun der schwedescher Rapgrupp Looptroop. Si hunn am Joer 2000 hiert Lidd Top Dogz doraus gemaach.
Et geet also em en politesch bedeitungsvollen Sample, an do doriwwer ewech dass all di Gruppen di 3 Nouten vum Intro gesampelt hunn, wollten si sech och e bëssen den Kampf vum Martin Luther King uneegnen, fir deen jo ursprénglech dat Lidd geschriwwen ginn ass. Sai Kampf ass jo e bëssen deen selwechten wéi deen vum Hip-Hop, an zwar d'Gläichberechtegung vun de Mënschen, egal wéi eng Nationalitéit oder Hautfaarf se hunn.