Dir sidd nees beim Sample vun der Woch ukomm an haut schwätzen mer iwwert d'Grupp Mtume an hiert Lidd "Juicy fruit". Dat Lidd ass 1983 um Album "Juicy fruit" erauskomm. Mtume sinn eng amerikanesch Funk an Soul Grupp aus New York. Hieren Haaptmann heescht James Mtume an hien war en bekannten Sänger, Songwriter, Produzent an Aktivist. D'Vocals sinn vun Tawatha Agee an den Drumcomputer deen benotzt gouf ass en Linn LM-1, dat war anscheinend och dem Prince seng liblings Beatbox. Den Track ass also en Midtempo Lidd dat anscheinend an enger Nuecht geschriwwen an opgeholl gouf.
Den Notorious BIG huet dat Lidd gesampelt fir säin éischten groussen Hit "Juicy". Deen ass 1994 op sengem éischten Album "Ready to die" erauskomm. Dat Lidd war mat Total zesummen, ass um Label Bad Boy erauskomm an war produzéiert vum Puff Daddy. Dat Lidd ass een vun den bekanntsten Rap Lidder iwwerhaapt, an gëtt e bëssen wei eng Brooklyn Hymne ugesinn. Den 22 Joer alen Notorious BIG verkierpert do perfekt den Hip-Hop Mythos an ass e bëssen sou eppes wéi eng Rap-Aschenputtel. Hien erzielt wei en fréier Drogen am Quartier vertickt huet an lo räich an bekannt ass. Et ass e bëssen eng Hommage un d'Vergaangenheet mee awer och eng Hoffnungsmessage un d'Zukunft.
Dat wat interessant ass bei dësem Lidd ass dass et en klengen Beef tëschent de Producer gëtt. Pete Rock seet hien hätt di original Idee fonnt an Puff Daddy hätt him se geklaut. Pete Rock ass nämlech als den Remixer kreditéiert ginn um Album, mee net als den original Producer. Dat ass awer relativ onwichteg, vu que dass an reegelméissegen Ofstänn dat Lidd ëmmer rëm gesampelt gëtt, wéi zum Beispill vun UTFO 1996, mam Roxanne um Lidd "Lollypop". Souguer Alicia Keys huet et gesampelt um Lidd "Juiciest". Dat war op sengem Album "Songs in A Minor" an ass 2001 erauskomm. Dat lescht wat erauskomm ass, war vum Kiana Ledé, dat heescht "Labels" an ass featuring Moneybagg Yo & BIA. D'Lidd ass vun dësem Joer.