Mir sinn nees beim Sample vun der Woch ukomm an haut schwätzen mer iwwert den Ronald Stein an säin "Pigs go home" vum Film "Getting Straight". Dësen Komponist huet vill low budget Horrorfilmer Soundtracks geschriwwen, mee den Film "Getting Straight" ass keen dovunner. Et ass en seriöen Drama vun 1970 deen relativen Succès hat.
Den Dr Dre huet dat Lidd gesampelt fir dem Eminem säin "Guilty Conscience" ze produzéieren. Dat war di drëtt Single vun sengem zweeten Album "The Slim Shady LP" di 1999 um Dr Dre sengem Label Aftermath eraus komm ass. D'Lidd ass en Duo an d'Thema ass wat ass gutt an wat ass schlecht. Am Video gesäit een och den Dr Dre deen en Engel an den Eminem deen den Däiwel symboliséiert. Den original Sample ass nei gespillt ginn, e bëssen verlängert, et sinn nei Drums drop gesat ginn, mee di original Melodie ass bliwwen.
Dat Lidd ass een vun honnerte vun Beispiller wou den original Komponist eng Plainte géint den Beatmaker vun engem Lidd gemaach huet, oder éischter gesot seng siwwenzeg Joer al Frae, vu que dass den Herr Stein verstuerwen ass. Anscheinend ass den Komponist um Cover vum Album ernimmt, en ass awer net als Komponist mee just als Inspiratioun fir dësen Beat kreditéiert ginn. Dem Stein seng Frae freet no engem Prozentsaz vum Profit deen wéinst dësem Lidd gemaach gouf. Dat stellt natierlech di universell Froe: wei grouss sinn dem original Komponist seng Rechter op en Sample? Ab wéi vill Sekonnen ass een strofbar? Ass et eigentlech net eng Éier en zweet Liewen geschenkt ze kréien duerch en Remix? Ech mengen 99 % vun den Rap Alben géifen et souwisou net ginn, misst een ëmmer all original Komponist kreditéieren an voll ausbezuelen.
Dem Stein säin Lidd gouf nach etlech aner Mol gesampelt, mee ech muss soen dem Dr Dre seng ass bei wäitem aus di bekanntst. Den DJ Stylewarz huet och eng Versioun gemaach mat "Heiss wie Feuer" featuring Torch an D-Flame.