Dir sidd nees ageschalt beim Sample vun der Woch an haut schwätzen mer vum Edwin Birdsong. Hien war en amerikaneschen Funk Museker deen an den 70' an 80' Joer aktiv war. Hien war selwer Keyboard Spiller. Et kann een net soen dass en den mega Chartbreaker an senger Karriere hat, mee hien huet ënnert anerem d'Lidd "Cola Bottle Baby" geschriwwen.
Dat Lidd ass 1979 erauskomm an ass vun Daft Punk gesampelt ginn op hirem Hit "Harder better faster stronger". Dat war op hiren zweeten Album "Discovery" deen 2001 erauskomm ass. Par Rapport vum éischten, war hiren zweeten Album vill méi poppeg , verspillt an accessibel vir méi en groussen Publikum. Doduerch hat dat Lidd en risen Succès op der ganzer Welt an ass souguer fir den Soundtrack vum Manga "Interstellar 5555" benotzt ginn.
Em 2005 huet anscheinend dem Kanye säin Tour-DJ, den DJ Atrak, dem Kanye West di Grupp Daft Punk ze entdecken ginn. Den West huet sech sou inspiréiert gefillt dass hien Daft Punk gesampelt huet an sain Lidd "Stronger" doraus gemaach huet. Dat ass 2007 op sengem drëtten Album "Late Registration" erauskomm". Fir des Epoch war et eng kleng Revolutioun, dass fir amerikaneschen Hip-Hop franséischen House gesampelt gëtt, mee et kann een awer universell soen dass dat universell dozou bäigedroen huet d'Grenzen tëschent Hip-Hop an Elektro opzemaachen.