arrow_back_ios

One World

One World

D'Musek vum Bach begéint déi traditionell Musek aus dem Gabun um Album "Lambarena Bach To Africa", eng gewoten Entreprise, déi awer opgeet. Eng Iddi vum franséische Museker a Komponist Hughes de Courson an dem Pierre Akendengué.


Déi éischt elektronesch Filmmusek war anscheinend dem Mort Garson seng Kompositiounen fir dem Skip Sherwood säi Film "didn't you hear?" 1970 koum de Soundtrack eraus an ass just zu Seattle am Theater verkaf ginn am Kader vun der Filmprojektioun. Dës Soundtrack-LP war séier vergraff, nodeems de Film erauskoum, an ass zu enger héich begierte Scheif gi vun all deenen, déi d'Musek vum Mort Garson kollektionéiert hunn, souwéi vun deenen, déi déi éischt elektronesch Musek sammelen.


De Sound vu Yello esou prezis wéi eng Schwäizer Auer och hei op hirem neien Album "Point". Zanter 40 Joer schaffen de Boris Blank an den Dieter Meier zesummen a sinn haut mat "Point" bei hirem 14. Album ukomm.


Le Trio Joubran: dräi Bridder bilden dësen Oud Trio, deen traditionell palästinensesch Musek spillt. Op hirem neien Album "The Long March" ass och de legendären Roger Waters ze héieren, Grënner vu Pink Floyd ...


Playlist:



Hughes De Courson - Sankanda - Lasset uns den nicht zerteilen - Babel 2008 (Lambarena Bach to Africa)

Hughes De Courson - Herr, Unser Herrscher - Babel

Lavinia Meijer - Metamorphosis: Metamorphosis Two, Flowing - Glass: Metamorphosis, The Hours 2012

Mort Garson - Didn't You Hear? - Didn't You Hear? 2020

Mort Garson - Jeep Ride -Didn't You Hear?

Mort Garson - Didn't You Hear? (End Title) - Didn't You Hear?

Yello - Big Boy's Blues- Point 2020

Yello - Drive / Driven - Essential Yello 1992

Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Hey Lover - Jazz Is Dead 2020

TaxiWars - Different or Not - Artificial Horizon 2019

Lawson Rollins - Ever Onward - Dark Matter: Music for Film 2019

Eartheater - How to Fight - Phoenix: Flames Are Dew Upon My Skin 2020

Le Trio Joubran - Carry the Earth (feat. Roger Waters) - The Long March 2018

Beverly Glenn-Copeland - River Dreams - Transmissions: The Music of Beverly Glenn-Copeland 2020


Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!