Haut geet et em den Fatboy Slim an Rockafeller Skank. Fatboy Slim ass en engleschen Big Beat Producer. Hien ass prominent an England an huet schon an villen Bands gespillt, wéi zum Beispill Pizzaman oder Dubkatz. Ech wosst et mol net, mee hien huet souguer den Guiness Welt Rekord fir di meescht Top 40 Hits.
Rockafeller Skank kennt vun sengem zweeten Album You've Come A Long Way, Baby deen 1998 erauskomm ass. Deen ass anscheinend ganz eleng doheem mat engem Atari Computer produzéiert ginn. Et war op jiddefalls den Album mat deem hien säin Duerchbroch hat an seng éischt Nummer 1. an England.
Fir den Rockafeller Skank huet hien dat heiten Lidd benotzt: Just Brothers - Slices Tomatoes. Et ass eng amerikanesch Nothern Soul Band vun 1972. Och en klengen Deel vun Lord Finesse vun DITC ass benotzt ginn, mam Intro vum Lidd Vinyl Dogg Vibe.
Fatboy Slim huet also dozou bäigedroen den Big Beat Genre ze erfannen. Deen besteet aus villen Breakbeats, an Loops di tëschent 100 an 150 BPM ofgespillt ginn. Hien sampelt dofir am meescht Soul, Funk oder Rock Lidder, mat enger fetter Bassline, an engem Crescendo an der Mëtt vum Lidd. D'Struktur vum Lidd ass also traditionell poppesch. Oft scheid hien och Stecker vun Filmdialogen oder Hip-Hop Lidder dran, sou wéi hei. Aner Gruppen déi dat machen sinn Chemical Brothers, Propellerheads oder Basement Jaxx. Deen ganzen Genre ass e bëssen eng witzeg englesch Äntwert un sou Leit wéi DJ Shadow.
Vum David Bowie huet den Fatboy Slim nach d'Percussioun geklaut. D'Lidd heescht Join The Gang. An ganz um Enn nach John Barry & His Orchestra vun deem den Fatbboy Slim den zousätzlechen Gittar Riff geholl huet. D'Lidd heescht Main Title an et ass vum Soundtrack vum Film Beat Girl. Et muss een nach witzeger Weis soen dass den Fatboy Slim keen Centime un dësem Lidd verdéngt huet, well en huet missten d'Royalties un d'Besëtzer vun den Samples zeréck bezuelen.