Radioen

On air

Notturno  |  Céu & anaiis - Gerando na Alta

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Black Lives Matter

Black Lives Matter

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Bal nëmmen Nei-Verëffentlechungen haut bei One World :

"Song Machine, Season One: Strange Timez" ass de 7ten Album vun de Gorillaz, Grupp di vum Jamie Hewlett an Damon Albarn geleet gëtt. Nieft der Fatoumata Diawara, sinn och invitéiert de Robert Smith, Slowthai, de Beck, den Elton John an nach vill anerer. Nächst Joer am Juli si se an der Rockhal programméiert.

Berry Blacc, Sänger a Produzent vu Manchester zesummen mam Multi-Instrumentalist a Komponist Angel Bat Dawid vu Chicago, fir en Titel zu Éiere vum George Floyd, 46 Joer jonken Afro-Amerikaner, deen am Mai dëst Joer zu Minneapolis vun engem Polizist ëmbruecht ginn ass. Black Lives Matter!

De Pascale Comelade, katalanesche Museker ass jo derfir bekannt mat alle méiglechen Instrumenter a Saachen ze musizéieren, haut an no 7 Joer verëffentlecht hien en neie Studio Album: "Le Cut Up Populaire".

D'Britte vu Faithless hunn en neien Opus deen "All Blessed" iwwerschriwwen ass, déi éischt Publikatioun an 10 Joer. De Frontmann Maxi Jazz ass net méi derbäi, amplaz sinn eng Rëtscht Gaaschtinvitéen ze héieren.

De Steve Shehan revisitéiert Vivaldi, Bizet, den Jazz an d'World, mee och déi franséisch däitsch an italienesch Poesie. De Steve Shehan proposéiert mam 3-Cd Coffret "Visa Mundi" e Panorama vu sengem Schafen, a net nëmmen dat musikalescht, hien ass och Moler a gëtt eis am Booklet en Abléck a seng aner Konscht....

Playlist:

Dombrance - Biden - Single 2020

Gorillaz - Désolé (feat. Fatoumata Diawara) [Extended Version] - Song Machine, Season One: Strange Timez (Deluxe) 2020

Gorillaz - Pac-Man (feat. ScHoolboy Q) - Song Machine, Season One: Strange Timez

Berry Blacc & Angel Bat Dawid - George Floyd - George Floyd /Single 2020

Pascal Comelade & Cobla Sant Jordi - Sardana dels Desemparats (version 7) - Le cut-up populaire 2020

Faithless - Friendship - All Blessed 2020

Faithless - I Need Someone (feat. Nathan Ball & Caleb Femi) - All Blessed

Elvis Costello - Revolution #49 - Hey Clockface 2020

Ólafur Arnalds - Woven Song - some kind of peace 2020

Kurt Vile - Dandelions - Speed, Sound, Lonely KV - EP 2020

Eels - Ok - Earth to Dora 2020

Greta Morgan - When the Sun Comes Up - Single 2020

Tindersticks (mastered) - Feel The Sun - The Hungry Saw 2008

Steve Shehan - Cum Dederit Shehan - Visa Mundi 2018

Musek

Episoden

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow