Haut schwätzen mer iwwert den Timmy Thomas an säin Why Can't We Live Together. Deen ass 1972 erauskomm an war säin eenzeg groussen Hit. En huet ongeféier 2 Milliounen Kopien dovun verkaf. Den Timmy Thomas ass en R'N'B Sänger deen 1944 an Indiana, USA gebuer ass. Hien war en alen Museker vum Donald Bird. Hien ass ënnert anerem dofir bekannt den éischten Album ganz ouni Drummer erausbruecht ze hunn - effektiv huet hien de Batteur duerch en Drumcomputer ersat.
Sai Lidd Why Can't We Live Together huet hien anscheinend an 15 Minutten opgeholl andeems hien mat der lénker Hand d'Uergel gespillt huet, mat der rietser huet hien den agebauten Drumcomputer vun der Uergel bedient, an mat de Féiss huet hien d'Bass gespillt. Wou TK Recordds, säin Label, d'Demo héieren huet, huet hien decidéiert dass d'Lidd tel quel sou fäerdeg ass, an si wollten et esou erausbréngen, ouni nei spillen ze loossen. D'Lidd ass Mono opgeholl. Et ass langweileg mee op eng gutt Aart an Weis, et ass eng zäitlos an minimal Produktioun mat soulful Vocals. Et si vill Reprisen an Remixen erauskomm, mee di bekanntst ass di heiten:
2015 huet Drake säin 4. Album Views erausbruecht, an den Bonustrack dovunner war dat heiten Lidd: Hotline Bling. Dat ganzt ass op Cash Money an Young Money Records erauskomm. D'Produktioun ass vun Nineteen85 an mat 1,6 Milliarden views op Youtube, kann een soen dass dat een vun den gréissten Hits vun der Decennie war.
Mee den Drake huet näischt erfonnt. 26 Joer virdrun huet zum Beispill den Doctor Ice dat Lidd The Chillogist erausbruecht. Hien huet genau deen selwechten Sample benotzt. Hien war en Member vun der Grupp UTFO an säin Lidd war um Album The Mic Stalker ze fannen.
En anert Beispill dofir war den House Produzent Matt Warren mam Lidd Why Can't We Live Together. Dat ass 1999 op Nervous Records erauskomm. Den DJ ass säit den 80s aktiv an ass een vun de Pappen vun der Chicago House Music.