One World
Magic Orient
Stëmm an Cello: déi franséisch-algeresch Singer-Songwriterin Nesrine huet den 30. Oktober hiren Debut-Album verëffentlecht, schlicht "Nesrine" iwwerschriwwen. Eng multikulturell Artistin, déi d'Genren aus dem Mëttelmierraum an Afrika matenee verbënnt.
Mat "Transmissions" verëffentlecht de Beverly Glenn-Copeland eng Retrospektiv op seng Karriär, mat och neie Lidder derbäi an e puer rare Pärelen, dorënner "La Vita", Titel, dee fir d'éischt 2004 verëffentlecht gouf ënner dem Spëtznumm "Phynix", eng eege Produktioun zesummen mat der Sopranistin Maggie Hollis.
Déi ukrainesch Kapell DakhaBrakha zaubert op en neits eng erstaunlech Klangmixtur aus hirem Hexekessel ervir. Dir héiert hir Aktualitéit "Alambari" méi am Detail. Dead Can Dance beschäftegen sech mam Dionysos, de Magic Malik hält de modernen Jazz an Éieren an e weideren Titel vum onëmgänglechen Album "The Flood and the Fate of the Fish" vum Rabih Abou-Khalil.
Playlist:
Nesrine - Vitamin C - Nesrine (27.01.21 Philharmonie)
Beverly Glenn-Copeland - La Vita - Transmissions
DakhaBrakha - Sonnet - Alambari
DakhaBrakha - Vynnaya ya - Alambari
DakhaBrakha - Khyma - Alambari
Dead Can Dance - The Invocation - Dionysus
Dead Can Dance - Dance Of The Bacchantes - Dionysus
Tristan Driessens & Robbe Kieckens - Als Twee Vrienden - Blue Silence
Magic Malik - Lelola (feat. Olivier Laisney, Maxime Sanchez, Damien Varaillon & Stefano Lucchini) - Jazz Association (feat. Damien Varaillon)
Rabih Abou-Khalil - Is There Wine? - The Flood and the Fate of the Fish
Skiller & Ateshhan - SkilleR & Atesh - Beatbox vs Guitar in 9/8