arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Bob James - Nautilus

Bob James - Nautilus

Den éischten solo Album vun Bob James heescht One an ass 1974 erauskomm.


Deen enthält d'Lidd Nautilus, dat besteet aus extrem dichtem Material, bal all Takt enthält en potentiellen Sample aus deem een kéint en neit Lidd maachen.


Den einfachen Groove vun dësem Track huet et an honnerten vun Rap Lidder geschafft an ass een vun den meescht gesampelten Stecker iwwerhaapt, haaptsächlech un der Ostküst vun den USA, mat Produzenten wei zum Beispill DJ Premier vun Gangstarr, RZA vum Wu-Tang Clan oder Q-Tip vun A Tribe Called Quest.


Et ass en instrumentalt Lidd mat Bob James un den Keyboards, Gary King un der Bass, Idris Muhammad un den Drums.


Bob James seet selwer dat Lidd wier zu senger Sortie onbemierkt bliwwen, dofir war hien ëmsou méi frou dass et sou oft gesampelt ginn ass.


Hei sinn e puer Beispiller vun Lidder wou et benotzt ginn ass: Run DMC hunn einfach Drums iwert den Loop gesat. Et ass 1988 um Album Tougher Than Leather eraus komm. Dem Jeru The Damaja säin My Mind Spray ass vun DJ Premier produzéiert, an ass 1994 um Album The Sun Rises In The East erauskomm. En aanert Beispill as Onyx, mam Lidd Throw Ya Gunz vun 1993. Group Home hunn den Loop e bëssen erofgepitcht an Inna Citi Life doraus gemaach, fir d'Scratchen gouf en Acapella vun Nas benotzt. Den Q-Tip vun A Tribe Called Quest huet och just en Loop mat Percussiounen doraus gemaach um Lidd Clap Your Hands, dat war um Album Midnight Marauders. Den DJ Mehdi huet Nautilus och gesampelt an op eng komplex Aart an Weis nogespillt. Dat war fir Ricochets vun Rocé. Mee een vun mengen Liblingslidder ass Daytona 500. Dest Lidd as produzeiert vum RZA an besteet à la base just aus engem Loop iwert deem den Ghostface Killah rappt. Den House Produzent Armand Van Helden huet 1997 säin Reservoir Dogs doraus gemaach.


An zu gudder lescht: den Bob James huet sech souguer selwer gesampelt - 44 Joer méi spéit huet hien aus sengem Nautilus säin Lidd Submarine am Joer 2018 erausbruecht.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow