One World
Op der Spuer vun alen a jonken Huesen
Den Tom Barman, Sänger a Leader vun dEUS huet en neie Projet mat engem faméisen Jazz Trio. Ënner dem Numm TaxiWars koum den Album "Artificial Horizon" eraus, en Disk, deen fir d'Cynthia Hornick onëmgänglech ass! Och de fréiere Bassist vun dEUS, de Stef Kamil Carlens, geet no Zita Swoon nei Weeër ënner sengem eegene Numm.
Mat 82 Joer verëffentlecht den Ebo Taylor "Yen Ara" Afrobeat vum Feinsten. Thaï Funk a vill aner Aflëss aus verschiddene Kulture komme beim jonken Trio Khruangbin zesummen. D'Formatioun vun Houston baut op déi diskret a soft Kläng, eng Decouverte. An d'Bande Son vu Peaky Blinders ass verëffentlecht ginn: en éischte Virgeschmaach.
Playlist:
Stef Kamil Carlens - Back On The Road - Making Sense Of (2019)
Stef Kamil Carlens - J'Suis Dans Le Vent - Making Sense Of
Stef Kamil Carlens - The Government Is No Game - Making Sense Of
TaxiWars - Dropshot - Artificial Horizon (2019)
TaxiWars - Infinity Cove - Artificial Horizon
TaxiWars - Different Or Not - Artificial Horizon
Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2 (2018)
Ebo Taylor - Krumandey - Yen Ara (2018)
Ebo Taylor - Poverty No Good - Yen Ara
Rokia Traoré - Laidu - Putumayo presents African Café Various Artists (1998)
Khruangbin - Cómo Me Quieres - Con Todo El Mundo (2018)
The White Stripes - St. James Infirmary Blues - Peaky Blinders (2019)
Pj Harvey - Red Right Hand (Nick Cave) - Peaky Blinders