Klassik Live
Bruckner a Mozart mam OPL
Et ass eng onbeschwéiert Musek, geschriwwe vun engem héich talentéierten 19jäerege Mozart: säin 3. Concerto fir Gei. Dëse Concert steet ganz am Kontrast zum zweete Wierk vum Owend: dem Anton Bruckner seng 7. Symphonie.
Während de Mozart mat enger verspillter Liichtegkeet komponéiert huet, gëtt de Bruckner ni fäerdeg. De Komponist revidéiert seng Symphonien, schreift ganz Deeler ëm oder komplett nei. Déi 7. Symphonie mécht do déi grouss Ausnahm. Et gëtt nëmmen eng Versioun vum Wierk, an et ass déi Symphonie, mat där de Bruckner zu Liefzäiten dee gréisste Succès hat.
Den Andrew Manze dirigéiert dat gewaltegt Wierk an der Philharmonie. Am Concerto vum W.A. Mozart ass déi däitsch Geiistin Veronika Eberle Invitée vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.
De radio 100,7 an SR2 KulturRadio iwwerdroen de Concert live zesummen.