Klassik Live
D'Khatia Buniatishvili zesumme mam OPL Live
Expressivitéit a Virtuositéit - dat verlaangt deen zweete Pianosconcerto vum Franz Liszt, deen d'Khatia Buniatishvili zesumme mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Leedung vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno interpretéiert. D'Khatia Buniatishvili, déi extravagant georgesch Pianistin, verbitt sech an hirem Musizéieren all iwwerflëssege Schnickschnack, geet all Partitur op de Fong a filtert och déi klengsten Tëschentéin nach eraus.
Weider um Programm sti Musek aus "Tannhäuser" vum Richard Wagner an zwee Wierker vum Claude Debussy: "Ibéria" an "La Mer".
De radio 100,7 an den SR2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert den 18. Januar vun 20:00 u live aus der Philharmonie.