Klassik Live
Ravel a Schostakowitsch
1953, am Doudesjoer vum Josef Stalin, schreift den Dimitri Schostakowitsch seng 10. Symphonie. Si ass den Ausdrock vun den Ängschten, déi de Komponist ënnert dem Stalin-Regime auszestoen hat. Haut den Owend spillt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dem Dimitri Schostakowitsch seng 10. Symphonie - ee Concert, deen de radio 100,7 zesumme mat SR2 Kulturradio live aus der Philharmonie iwwerdréit. Am éischten Deel erliewe mir den Artist in residence vun der Philharmonie, de Pianist Stefano Bollani. Hie spillt dem Maurice Ravel säi Pianosconcerto.
Presentéiert vum Guy Engels.