Radioen

On air

De Moien  |  Kulturagenda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dagdeeglech

Episoden

Virun 99 Joer koum de Bim Diederich op d'Welt

De Lëtzebuerger Cyclist Krut 1951 wéinst senger Leeschtung am Tour de France den Numm "Duc de Grammont".

De Phonograph gëtt patentéiert

Den Thomas Edison freet den 19. Februar 1877 d'Patent fir seng Maschinn un, mat där een eng Stëmm ophuelen an da nees ofspille kann.

Vun der David-Statu bis bei d'Fresken an der sixtinescher Kapell

Den 18. Februar 1564 ass de Michelangelo, wuel ee vun de gréisste Kënschtler, am Alter vun 88 Joer gestuerwen.

Ee vun de Gréissten

De Michael Jordan kritt op dësem Dag seng 58 Joer. Hien ass ee vun de gréissten, vläicht esou guer dee gréisste Basketballspiller vun allen Zäiten.

D'Graf vum Tutanchamun gëtt opgemaach

De 16. Februar 1922 gëtt offiziell dem Tutanchamun seng Grafkummer fir déi éischte Kéier opgemaach.

399 viru Christus gouf dem Sokrates de Prozess gemaach

Un de Grënn firwat e viru Geriicht stoung, gëtt et awer mëttlerweil Zweiwel.

1849 kënnt de Wilhelm Voigt op d'Welt

Als "Hauptmann von Köpenick" gouf hie weltbekannt. 1909 koum hien an d'Stad Lëtzebuerg, krut 1910 Lëtzebuerger Pabeieren a stierft hei den 3. Januar 1922.

Viru 74 Joer: Christian Dior presentéiert de New Look

Kollektioun vum Paräisser Designer revolutionéiert d'Moudewelt.

Virun 31 Joer: Mandela kënnt no 27 Joer fräi

Südafrikanesch Ikon trëppelt Hand an Hand mat senger Fra aus dem Prisong.

Virun 28 Joer: Michael Jackson gëtt Oprah Winfrey Interview

Bis haut déi gréissten Audienz fir en Interview an der Geschicht vun der Tëlee

Viru 400 Joer: Alessandro Ludovisi gëtt Poopst

Italieener gëtt leschte Poopst, deen duerch Akklamatioun gewielt gëtt.

Viru 434 Joer: D'Mary, Queen of Scots, gëtt gekäppt

Déi fréier Kinnigin vu Schottland gouf schëlleg gesprach, e Mord un der englescher Queen mat organiséiert ze hunn.

Doud virun 103 Joer vum Pierre Brasseur

Lëtzebuerger Notaire an Industriellen an eng vun de wichtegste Persoune fir d'Industrialiséierung vum Land

Virun zéng Joer stierft de Gary Moore

Brittesche Blues-Rock-Gittarist, Sänger a Komponist

Viru 36 Joer: Punesche Krich no 2.131 Joer offiziell eriwwer

D'Buergermeeschter vu Roum a Karthago schléisse symbolesch Fridden.

Viru 17 Joer: Facebook geet online

Dat soziaalt Netzwierk vum Mark Zuckerberg huet haut ronn dräi Milliarden aktiv "User".

Virun 62 Joer: "The day the music died"

De Buddy Holly an dräi anerer stierwe bei Fligerongléck am Iowa.

Viru 50 Joer: Idi Amin gëtt no Putsch President vum Uganda

Hien gëtt zu engem vun den korruptesten an brutalsten Leaderen um afrikaneschen Kontinent

Virun 42 Joer: Triumphaleschen Retour vum Khomeini am Iran

Konservativen Kleriker wor do virdrun am Irak an zu Paräis am Exil

Eischten Af am Weltall

Viru 60 Joer gouf den éischten Af mam scharmanten Numm Ham vu Cape Canaveral aus an d'Weltall geschoss. Seng Rees huet 16 Minutte gedauert.