Dagdeeglech
Virun 99 Joer koum de Bim Diederich op d'Welt
1951 geléngt dem Bim Diederich säin gréisste sportlechen Erfolleg, wéi hien dräi Deeg am Maillot Jaune an der Tour de France fiert an d'Etapp vu Reims op Gand gewënnt. 40 Kilometer virun der Arrivée, am Mur de Grammont, léisst hie seng dräi Matfuerer stoen a kënnt als éischten zu Gand un.
Wéinst dëser Leeschtung krut hien den Numm "Duc de Grammont". No senger professioneller Karriär als Cyclist mécht hien zu Péiteng ee Vëlosgeschäft op. De Bim Diederich stierft de 6. Dezember 2012 am Alter vun 90 Joer.