Gebuer den 21. Juni 1832 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 7. Februar 1918, de Pierre Brasseur war Notaire zu Esch-Uelzecht an zu Déifferdeng. Hie war awer och Industriellen an eng vun de wichtegste Persoune fir d'Industrialiséierung vum Land. Hie war ee vun de Grënner vun der Société pour l'exploitation des Minières du Grand-Duché de Luxembourg, der Société des Haux Fournaux de Luxembourg, der sougenannter Brasseur-Schmelz, der spéiderer Terres Rouges. Hie war och ee vun de Grënner zu Rëmeleng vun der éischter Zementsfabrick am Land.
arrow_back_ios