1906 suergt de Schouster Wilhelm Voigt fir Oprou, wéi hie sech als Hauptmann verkleet, e puer Zaldoten op der Strooss opgräift a mat hinnen d'Stadhaus vu Köpenick am Oste vu Berlin besetzt. De Buergermeeschter gëtt verhaft an de Voigt mécht sech mat de Suen aus der Keess duerch de Stëbs.
Duerch dës Anekdot gouf hie weltbekannt als "Hauptmann von Köpenick". 1930 gouf et een Theaterstéck doriwwer, dat dann och e puermol verfilmt gouf. De Voigt koum 1909 an d'Stad Lëtzebuerg, krut 1910 Lëtzebuerger Pabeieren a stierft hei den 3. Januar 1922. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.