Haut geet et an d'Joer 1922. Am Dall vun de Kinneken an Ägypte gouf nämlech de 16. Februar an deem Joer offiziell dem Tutanchamun seng Grafkummer opgemaach. Datt d'Graf zu deem Moment fir eng éischte Kéier opgemaach gouf, dorunner ginn et haut Zweiwel. Donieft ass d'Entdeckung vum Tutanchamun och bekannt wéinst engem presuméierte Fluch, deen op dem Graf soll geleeën hunn.
arrow_back_ios